Véier Méint war de Spencer Elden al, wéi d'Foto gemaach gouf, déi dono um Cover vum Nirvana-Album "Nevermind" ze gesi war.

Elo zitt den 31 Joer ale Mann viru Geriicht, dat wéinst "Kannerpornografie".

Dem Spencer Elden no wier d'Weise vum plakege Puppelchen eng Duerstellung vu Kannerpornografie a géif géint US-Recht verstoussen. Och hätte seng Elteren, déi 200 Dollar fir d'Foto kruten, ni schrëftlech zougestëmmt, datt d'Foto dierft publizéiert ginn, sot de Mann an engem Interview mat CBS.

E Geriicht zu Los Angeles beschäftegt sech mam Fall. Den Elden verlaangt op d'mannst 150.000 Dollar Schuedenersatz vun all Persoun, déi hien uklot. Dëst wieren d'Ex-Memberen Dave Grohl a Krist Novoselic, dem Kurt Cobain seng Fra Courtney Love, de Fotograf Kirk Weddle an d'Vertrieder vun der Plattefirma. Hie wërft hinne vir, "wëssentlech kommerziell Kannerpornografie verbreet, besiess a vermaart" ze hunn.

Als Argumentatioun gëtt de Spencer Elden un, datt seng Identitéit a säin Numm fir ëmmer mat der "kommerzieller sexueller Ausbeutung" verbonne wieren. Seng Foto wier bis haut weltwäit verbreet a géif och nach ëmmer verkaf ginn.

Och stéisst den Elden sech um Dollarschäin, deen een um Bild gesäit. Dëst géif d'Impressioun gi vun engem Sexaarbechter, deen no de Sue gräift. Kritiséiere mécht hien och weider, datt mat senger Foto vill Sue verdéngt goufen, woubäi seng Eltere just 200 Dollar den Dag fir de Fotoschooting kritt hunn. Den Affekot vum jonke Mann huet an engem aneren Interview awer präziséiert, datt et dem Spencer Elden net ëm Sue géif goen.

Nach viru 6 Joer huet de Spencer Elden sech selwer an d'Medien bruecht, wéi hien de Cover, just mat enger Schwammbox, nogestallt huet.