Missioun a KrichsgebittBelsch-Lëtzebuerger Operatioun "Red Kite"

Jeannot Ries
Virun der Press huet de belsche Premier Alexander De Croo erkläert, firwat decidéiert gouf, d'Operatioun 'Red Kite' op deem Ament op en Enn ze bréngen.
Belsch-Lëtzebuerger Operatioun "Red Kite"
Virun der Press huet de belsche Premier Alexander De Croo erkläert, firwat decidéiert gouf, d’Operatioun ‘Red Kite’ op deem Ament op en Enn ze bréngen.

“Well et konkreet Informatioune gouf, vun amerikanescher Säit awer och vun anere Staaten, datt e Selbstmord-Attentat an der direkter Géigend vum Fluchhafen imminent wier.”

Um 21.30 Auer um Mëttwoch den Owend ass dee leschte belschen C130 Herkules, dee vu Kabul koum um Fluchhafe vun Islamabad gelant. Et war déi 23. Rotatioun zanter dem Ufank vun der Operatioun “Red Kite”. Déi domat awer net ofgeschloss ass.

Iwwer Honnert belsch Zaldoten, grad wéi Personal vum Ausseministère an och Lëtzebuerger Vertrieder solle weider an der Haaptstad vum Pakistan bleiwen. Fir sou wäit et méiglech ass, Belsch oder och Leit, déi der Belsch oder Lëtzebuerg nostinn, vun do aus ze ënnerstëtzen.

D’belsch Ausseministesch huet vun enger aussergewéinlecher Operatioun déi lescht Deeg am Krichsgebitt geschwat. Déi vu Kabul, iwwer Islamabad bis op Melsbroek kee kal gelooss hätt.

“Wat am Afghanistan passéiert, ass eng Tragedie. D’Biller aus de leschten Deeg si ganz haart. Voller Emotioun. Se hu kee kal gelooss a scho guer net ons Ekippen, déi op der Plaz schaffen”, sou déi belsch Ausseministesch Sophie Wilmès.

Eleng iwwer 300 Kanner hätte kënne mat den C130 Herkules a Sécherheet bruecht ginn. Dank der enker Zesummenaarbecht vun 3 Staaten, déi sech gutt kennen.

“Mir gesinn et. D’Zesummenaarbecht tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, d’Kooperatioun mat Holland, dat huet ganz, ganz gutt geklappt. Mir hu wierklech ville Leit konnten hëllefen.”

Den Alexander De Croo huet bedauert, datt am Dezember 2001 d’Amerikaner zesumme mat hiren Nato-Partner an den Afghanistan eramarschéiert sinn. 20 Joer méi spéit wier de Réckzuch awer net zesummen decidéiert ginn.

“Zesummen eran, awer och zesummen eraus. D’Decisioun, den Afghanistan ze verloossen, huet kloer eng ganz Rei Partner-Staaten iwwerrascht. Do steet nach eng éierlech Aussprooch am Raum.”

Och op EU-Niveau géif et Gespréichsbedarf. D’Zesummenaarbecht ënnert de Staate kéint um Terrain verbessert ginn. An d’europäesch Diplomatie kéint och aner Missiounen iwwerhuelen.

“Ënnerstëtzung op konsulareschem Niveau: Dat heescht, wa Leit hire Pass verluer hunn. Wa Leit evakuéiert musse ginn. Do gouf kloer gesot, datt dat keng Missioun vun der europäescher Diplomatie ass. Doriwwer soll een awer nei diskutéieren. Do gëtt et eng grouss Valeur ajoutée.”

Wat bannent de leschten Deeg, Wochen, jo Joren am Afghanistan schif gelaf ass, misst u sech EU, Nato an Uno nach iwwer Méint, wann net Jore beschäftegen. Et wëll ee wierklech Léieren draus zéien.

Back to Top
CIM LOGO