Et soll keng Lockdowns fir geimpfte Leit ginn

© AFP
Aschränkunge soll et just fir Net-Geimpfter ginn, wann d'Intensivstatioune voll sinn.
Dat sot den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz e Méindeg den Owend am ORF-Sommergespräch. Hien ass awer géint eng generell Impfflicht. D'Pandemie wär fir déi geimpfte Leit eriwwer, mengt de Kurz.
E Mëttwoch wëll jo déi éisträichesch Regierung decidéieren, wéi et mat de Corona-Reegele weidergeet. Am Raum steet d'1-G-Reegel fir den Après-Ski zum Beispill, datt also just geimpfte Leit dohinner dierfen.
Dat ORF-Summergespréich mam Kanzler war live e Méindeg den Owend. De Sebastian Kurz huet awer schonn zwou Stonne virdrun iwwert säi Pressemënsch per Mail wësse gedoen, wat e wëlles hätt z'annoncéieren, also nach éier hien eng Fro gestallt kritt huet, huet hie scho geäntwert.
D'Online-Medien hu seng Botschaften dann och virum Interview publizéiert.