Washington wërft Russland vir, mat engem Anti-Satellitten-Rakéitentest hätt d'Land d'ISS an déi 7 Astronauten u Bord a Gefor bruecht.

An enger ëffentlecher Erklärung vun der russescher Raumfaartagence Roskosmos heescht et, datt d'Sécherheet vun der Crew "Haaptprioritéit" wier, an datt "nëmmen d'Ustrengunge vun all de Weltraummuechten eng Koexistenz am All mat héchstméiglecher Sécherheet garantéieren" kéint.

Op d'Virwërf vun den USA wier Rokosmos awer net direkt agaangen. Washington hat Russland e Méindeg virgeworf "rücksichtslos" een "destruktiven Test" mat enger Anti-Satellitten-Rakéit duerchgefouert an domat een eegene Satellit zerstéiert ze hunn. Doduerch wieren 1.500 "Weltraumgestécks" a vermuttlech "Honnertdausenden" kleng Fragmenter entstanen.

Wéinst de Fragmenter hunn déi siwen Astronauten u Bord vun der ISS misse wakereg misse gemaach ginn, fir d'Lucken un der ISS zouzemaachen. Donieft hu si sech och misse fir ronn zwou Stonnen an zwou Raumfären, déi un der Raumstatioun dru sinn, zréckzéien. Bei engem Noutfall kënnen d'Raumkapsele vum Typ SpaceX Crew Dragen an Sojus fir d'Evakuéierung genotzt ginn.