Weltwäit gréisste Labo-Bifdeck "gedruckt"

© Image MeaTech / Shlomi Arbiv
De ronn 110 Gramm "schwéiere" Bifdeck ass aus Randbéischtzellen, déi am Laboratoire an net am Stall gewuess sinn. Also "Fleesch" aus dem 3D-Drucker.
Et soll een onbedenkleche Genoss sinn: E Bifdeck, fir dee keen Déier huet misse stierwen, dee klimafrëndlech ass an ouni Massendéierenhaltung produzéiert gouf. Dëser Iddi wier eng israelesch Entreprise elo ee Stéck méi nokomm. Si hätten eegenen Informatiounen no dës Woch de bis well gréissten am Laboratoire geziichte Bifdeck hiergestallt.
Tweet MeaTech
E wier ronn 110 Gramm schwéier an hätt richteg Muskel- a Fettzellen. Dofir hätt een d'Stammzelle vun engem Randbéischt geholl, déi sech da multiplizéiert hunn. Doropshi wier d'Zellmass mat engem 3D-Drucker an d'Form vun engem Bifdeck bruecht ginn, fir dann am Labo vu MeaTech 3D fäerdeg ze "räifen".
Nei wier d'Technik awer net. D'Entreprise hätt allerdéngs déi eenzel Schrëtt vum Stall bis de Räifprozess perfektionéiert a wéilt scho geschwënn d'Qualitéit vun engem "Premium-Bifdeck vum Haff" erreechen. De Firmechef vu MeaTech geet dovun aus, datt sech d'Firma domat "an der Course ëm d'Entwécklung vun héichwäertege Fleeschproduiten op Zellbasis un d'Spëtzt gesat hätt". Och Zelllinne fir Schwéngsfleesch a Poulet géifen entwéckelt ginn.