Daniel Porcedda: "Et versicht ee roueg ze bleiwen"
An deene leschte 24 Stonnen huet sech d’Situatioun zu Kiew an der ukrainescher Haaptstad alles anescht wéi positiv entwéckelt, seet den Daniel Porcedda.
Dee lieft mat senger Fra zanter iwwer 20 Joer do. Vun engem Deel vun der Stad aus héiert hien den Ament vum Gespréich (Freide Moien 10.30 Auer) de Fligeralarm, deen d’Bevëlkerung oprifft, an d’Bunkeren ze goen. Um Freide Moien ass hien a seng Fra duerch eng Explosioun um 4.20 Auer wakereg ginn. Eng russesch Dron oder Rakéit war ofgeschoss ginn, a Splitter waren no der Detonatioun op en Héichhaus gefall. Vum 4 bis den 9. Stack hätt dëst dono gebrannt. Et hätte schwéier Blesséierter ginn. Konditiounen, ënner deene schlofen an deene leschten 2 Deeg schwéier fält.
Et ass en hin an hier. D’Land verloossen oder net. Elo wou de Krich och an der Haaptstad ukomm ass, gëtt dëst ëmmer méi schwéier. Di russesch Zaldote wiere schonn an der ganzer Ukrain. Eng Méiglechkeet et ze probéieren, hätten si ëm 11 Auer Lokalzäit e Freiden de Moie gehat. Mat engem klenge Camion fir 25 Leit sollten si d’Stad verloossen. Mee um Enn war et hinnen dach ze riskant. Russesch Zaldote wieren an a besonnesch ëm d’Stad stationéiert. «Wa mer eis op dee Wee maachen, si mer ausgeliwwert. Dann hu mer eise Rucksak dobäi, an dat ass et dann», präziséiert den Daniel Porcedda.
Elo probéiert een esou gutt wéi et geet den Alldag ze liewen. En Donneschdeg war den Daniel Procedda akafen. Ausser, datt et am Supermarché deen Ament erstaunlech voll war, ass him awer näischt Aussergewéinleches opgefall. D’Leit géinge keng Hamsterkeef maachen. Se géingen sech ënnerhale wéi ëmmer an och gecksen. Ma mat Momenter spiert hien awer eng liicht Panik. Da kuckt hien zu der Fënster eraus. Aus sengem Appartement erof, op den Trottoir. Do spadséieren da Leit ronderëm. Wéi ëmmer, wéi wann näischt wier.
Mee wat maachen hien a seng Fra dann elo bei enger imminenter Gefor? Déi Fro hunn si sech en Donneschden de Mëtte gestallt, wou gesot ginn ass, datt et och am Quartier wou si wunne mat engem Fligeralarm ze rechne wier. An deem Fall soll d’Bevëlkerung eigentlech e Bunker opsichen. Déi zwee hunn sech op de Wee gemaach, fir sech esou een unzekucken, deen 10 Minutte vun hirer Wunneng ewech läit. Do sinn si awer gewuer ginn, datt dëse Schutzraum just fir maximal 150 Leit ass, a souwisou just fir Mamme mat Kanner geduecht wier.
Elo hoffen si, datt wann et haart op haart kënnt een op d’mannst d’Méiglechkeet kritt, fir an de Keller vum Appartement vu 16 Stäck ze kommen. «Bei dësem handelt et sech awer eigentlech ëm en Technikraum, vun deem kee vun den Awunner e Schlëssel huet. A mer wëssen net emol wéi grouss en ass», betount den Daniel Porcedda. A wann dat mam Keller net géing klappen, géing just nach d’Méiglechkeet bleiwen, iwwert d’Strooss an d’Natur ze lafen, an ofwaarden.