E Sonndeg fält d’Decisioun, wie President vu Frankräich gëtt. Entweder dierf den Zentrist Emmanuel Macron weiderfueren oder et gëtt déi rietspopulistesch Marine Le Pen. Fir vill jonk Fransousen ass dat wéi de Choix tëscht Pescht a Cholera. Rezent hunn dofir landeswäit Gruppéierunge vu Studenten hir Unie blockéiert. Als éischt war dat de Fall op der renomméierter Sorbonne an der franséischer Haaptstad. Zwou Lëtzebuerger Droitsstudentinnen erzielen, wéi si déi Onrouen erlieft hunn.
Gutt 30 Stonne war d’Sorbonne vu Studente blockéiert, déi onzefridde mam Resultat vum éischten Tour vun de Presidentielle sinn. Rietsextremismus à la Le Pen kënnt fir si net an d’Tut, mä dem aktuelle franséische President Emmanuel Macron seng liberal Politik schmaacht hinnen och net. Et haten awer nach laang net all d’Studente sech mobiliséiert, betount d’Niia Waringo. D’Lëtzebuergerin studéiert am drëtten Joer Droit.
„Dat ass alles geschitt, well verschidden Associatiounen dozou opgeruff haten. Natierlech op de soziale Reseauen, awer och iwwer d’Mailadress vun der Uni. Déi wollten eng Versammlung organiséieren an déi ass relativ séier eskaléiert. Och Leit vu bausse kruten dat mat. Et ware warscheinlech och Leit dobäi, déi net bei eis op der Uni sinn.”
Wéi hir Frëndin huet och d’Vera Lech, hirersäits am 4. Joer Droit, an enger Woch Examen. A well d’Studenten, déi der Gauche politesch no stinn, mat der neier Presidence egal wéi net wäerten zefridden sinn, stellt si sech Froen: „Wäerten déi Examen elo sou si wéi geplangt? Wäerten nees nei Blockagë sinn nom zweeten Tour? Et ass mat villen Inconnue verbonnen.”
An d’Vera Lech weess, firwat si sech Suerge mécht.
„Et ass wierklech net déi éischte Kéier, dass et op der Sorbonne zu Onroue komm ass. Viru Covid gouf et eng Period, wou de Macron och scho wollt seng Pensiounsreform duerchsetzen. Do koum et och schonn zu ville Blockagen. Do war et och scho virkomm, dass ech meng Examen net konnt schreiwe wéi geplangt.”
40 Prozent vun de Studenten a Frankräich ware beim éischten Tour net wielen. Vun deenen aneren huet ëmmerhin een Drëttel fir de 70 Joer ale Kandidat vun der Gauche Jean-Luc Mélenchon gestëmmt.
„Hien ass en extrem gudde Riedner. Hie wierkt iwwerzeegend. An hien huet vill Punkten ugeschwat, un deenen déi Jonk fir de Rescht vun hirem Liewen interesséiert sinn. D’Pensioun vu 65 Joer un ass e Sträitpunkt beim Macron. De Mélenchon wëll déi Grenz op 60 Joer erofsetzen. Dat ass dat éischt. An dann natierlech de ‘Smic’ wärend der Studentenzäit”, sou d’Niia Waringo.
E Mindestloun, dee vill franséisch Studenten an deiere Stied ewéi Paräis méi ewéi begréisse géingen. Mä de Mélenchon spillt héchstens bei de Legislativen am Juni nees eng Roll. President gëtt hien net. An am Milieu vun den Droitsstudenten zu Paräis schéngt et eng kloer Tendenz fir den zweeten Tour ze ginn, erkläert d’Niia Waringo:
„A mengem Entourage wielen déi meescht de Macron. Ech kennen éierlech gesot keen, dee fir d’Le Pen ass. Generell huet mäin Entourage och schonn am éischten Tour fir de Macron gestëmmt. Ech krut awer mat, dass och vill Leit net wëlle wiele goen.”
Ma vill Leit géingen hire Kreepche beim Macron maachen, well se d’Le Pen nach manner als Presidentin wëllen.

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.
RTL-Artikel: Virum Showdown: Franséisch Presidentiellen: Wéi ass d’Stëmmung ënnert de Leit zu Lëtzebuerg?
RTL-Artikel: RTL bei de Presidentiellen a Frankräich: A Sondagë baut de Macron säi Virsprong weider aus