Grenzen zu Ceuta a Melilla fir verschidde marokkanesch Aarbechter op

Marokkanesch Aarbechterinne protestéiere géint den spuenesche Visum. / © AFP/FADEL SENNA
Déi béid Exklaven, déi am Norde vu Marokko leien, maachen hir grenze fir marokkanesch Aarbechter op, vill vun hinnen dierfen awer net eran.
Et dierfen just Marokkaner iwwert d'Grenz, déi a "reguläre" Verhältnisser sinn, hunn déi spuenesch Autoritéiten erkläert. Dat wiere ronn 230 Leit, déi als Personal an Haiser schaffen. Weider komme ronn 40 Leit dobäi, déi zwar nach net als "regulär" klasséiert sinn, mä déi e Visum fir Ceuta hunn.
D'Zil wier et, fir lues a lues d'Grenz opzemaachen, sot eng Spriecherin vun der Prefektur Ceuta. Mat där aktueller "Schied-Ekonomie" misst Schluss inn.
Dosende Fraen hunn en Dënschdeg virun der Grenz Fnideq géint d'Decisioun vu Madrid protestéiert. Si hätten hir Aarbechtserlabnis gewisen an "Nee zum Visum" gejaut, mellt AFP. Am Mäerz 2020, also virun der Corona-Pandemie, hate bal 4.400 Marokkaner Zougang zu den Enklaven. D'Visa vu ville Frontaliere wieren awer antëscht verfall. Déi Concernéiert musse beim spuenesche Konsulat nei Visaen ufroen. Hir Gewerkschaft huet vun enger "Ongerechtegkeet" geschwat a kritiséiert, datt déi marokkanesch Regierung sech net dozou äussert.
Scho virun zwou Woche waren d'Grenze vu Ceuta a Melilla opgaangen, datt awer just fir Leit, déi e Pass oder e Visa aus engem Schengenland hunn.