D'Regierungskoalitioun huet sech op Mesuren a Milliardenhéicht gëeenegt, fir d'Bierger wéinst den héijen Energie- a Liewenskäschten z'entlaaschten.

Ënnert anerem soll et eng Stroumpräisbrems ginn, dat heescht, dass eng Basis-Consommatioun definéiert gëtt, fir déi e fixen a reduzéierte Präis gëllt. Alles wat doriwwer eraus geet, gëtt dann zum Marchéspräis fakturéiert. Ausserdeem sollen esouwuel Pensionäre wéi Studenten eemoleg 300 respektiv 200 Euro Energiegeld kréien.

Da soll d'Kannergeld vun nächstem Joer un ëm 18 Euro pro Mount a Kand gehéicht ginn. Derbäi kommen eng Rei Steierentlaaschtungen. Den ëffentlechen Transport soll mat 1,5 Milliarden Euro subventionéiert ginn, andeems präislech méi attraktiv Ticketen offréiert ginn. Dëst als Suite vum sougenannten 9-Euro-Ticket, deen et elo iwwert de Summer ginn ass.

Ausserdeem wëll ee soit um europäeschen Niveau soit national eng Iwwergewënnsteier aféieren.

Dës a weider Mesuren an Héicht vun am Ganze 65 Milliarden Euro hu Vertrieder vun der Regierung am Kader vun engem drëtte groussen Hëllefspak e Sonndeg de Moie wärend enger Pressekonferenz annoncéiert. Den drëtte Pak ass iwwerdeems méi grouss wéi seng zwee Virgänger. Déi staatlech Hëllefsmesüren hunn am Ganzen e Volume vu 95 Milliarden Euro.

"Eist Land steet virun enger schwiereger Zäit", huet de Bundeskanzler Scholz e Sonndegmoie gesot. "Mir wäerte keen eleng loossen", sou den SPD-Politiker, dee betount huet, dass d'Bundesregierung d'Suerge vun de Bierger an Entreprisë géing "immens eescht" huelen.

Donieft huet hien dem russesche President Putin op en Neits d'Schold fir d'Enkpäss am Beräich Energieversuergung ginn. Elo wier kloer, dass Russland "keen zouverlässegen Energie-Liwwerant méi ass.