Enger Recherche vun der WHO no wiere Frae méi dacks vu Long-Covid betraff wéi Männer.

An Europa wiere 17 Millioune Mënsche vu Long-Covid betraff, heescht et vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Ënner Long-Covid versteet ee Symptomer wéi Middegkeet, Houscht, dass een näischt richt a schmaacht, oder esouguer Depressiounen, déi nach Méint no enger Corona-Infektioun optrieden.

De Risiko géif klammen, wann een eng schlëmm Corona-Infektioun hat, mat där een am Spidol huet musse behandelt ginn.