E Méindeg war et zu engem staarken Drockverloscht un den Nord-Stream-Pipeline komm. Explosioune sollen un de festgestallte Fuitte Schold sinn.

Zwou Fuitte ginn et un der Nord Stream 1 nordëstlech vun der Insel Bornholm, eent un enger méi neier Leitung Nord Stream 2 südëstlech vun der Insel, wéi déi dänesch Energieagence en Dënschdeg matdeelt. Am Fall vun Nord Stream 1 ass eng Fuitte an den däneschen an en anert a schwedesche Gewässer, bei Nord Stream 2 ass et nees dänescht Gewässer.

Well keng Äerdgasleitung a Betrib ass, hunn d'Virfäll den Ament keng Auswierkunge fir d'Energieversuergung an Europa, ma d'Fuitte si geféierlech fir d'Schëfffaart an dowéinst gouf e gewësse Perimeter ofgespaart. Esou Fuitten a Gasleitunge komme ganz seele vir.

An der Nuecht op e Méindeg war fir d'éischt an engem Rouer un der net benotzter Pipeline Nord Stream 2 en Drockverloscht festgestallt ginn, owes dunn ass den Drock u béide Réier vun Nord Stream 1 erofgaangen. Wéi e Porte-parole vum Bedreiwer matgedeelt huet, wäert nach deeglaang Äerdgas an d'Ostséi stréimen.

RTL

Déi zoustänneg Autoritéite schätzen de Risk vu Schied als niddereg an. A wéi engem Ëmfang sech méiglech Reparaturaarbechte gestalte wäerten, doriwwer goufe keng Aussoe gemaach. Et misst fir d'éischt emol analyséiert ginn, wéi grouss de Schued ass. Dat selwecht géif fir méiglech Suitte gëlle fir technesch Anlagen, do wou d'Pipelinen u Land kommen zu Lubmin. D'Ministerpresidentin vu Mecklenburg-Vorpommern gesäit déi ganz Entwécklung aktuell och mat grousser Suerg. D'Virfäll misste komplett opgekläert ginn an dat géing an der Zoustännegkeet vun Dänemark an der Bundesregierung leien.

De Weste geet vu russescher Sabotage aus

De seismologeschen Observatoire a Schweden huet en Dënschdeg am Nomëtteg annoncéiert, datt een "zwou gréisser Detonatiounen am Waasser" an der Géigend vun de Gas-Fuitten un de Pipelinen Nord Stream 1 an 2 enregistréiert hätt.

Doru géif keen Zweiwel bestoen, sou de Bjorn Lund, Direkter vum nationale seismologesche Reseau a Schweden: "Et kann een unhand vun der Beweegung vun de Wellen, déi vum Mieresbuedem un d'Uewerfläch komm sinn, schléissen, dass et sech ëm eng Explosioun handelt". Dat wier vun net manner wéi 30 Miessstatiounen enregistréiert ginn.

Am Virfeld hat et geheescht, datt eng Beschiedegung duerch eenzel Schëffer héchst onwarscheinlech wier. Mat engem Accident wéi zum Beispill duerch en Anker wier gerechent ginn, ma esou Fäll géifen a manner wéi eemol all 100 Millioune Joer virkommen. Genee dat wier beim Verfaren, fir den Accord vun de Pipelinen, berechent ginn.

Russland schwätzt vu Sabotage. Reuters no sot de Kremlchef Dmitri Peskow: "Zum aktuellen Zäitpunkt ka keng Méiglechkeet ausgeschloss ginn." Et wier déi nächst "Stuf fir eng Eskalatioun, mat där d'Ukrain ze dinn hätt". De Kreml wier beonrouegt, sou de Peskow, an d'Situatioun géif eng genee Ënnersichung erfuerderen. Och a Russland wier een extrem besuergt.

De Weste mécht Russland iwwerdeems fir d'Sabotage verantwortlech. En norwegesche Militärwëssenschaftler sot der Afp: "Eng Fuitte op dräi verschiddene Plaze mat esou enger grousser Distanz dertëscht ka just d'Suite vu Sabotage sinn." Fir hie kéim just Russland a Fro. Oh déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen huet en D¨neschdeg den Owend vu Sabotage geschwat.
Den EU-Aussebeoptragte Josep Borell huet e Mëttwoch am Numm vun de 27 EU-Memberlänner erkläert: "All disponibel Informatioune weisen dorops hin, datt d'Fuitten d'Resultat vun enger gewollter Aktioun sinn." D'EU géif mat enger robuster a gemeinschaftlecher Reaktioun dorop äntweren - en Hiweis op weider méiglech Sanktiounen.

Och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hält Sabotage fir plausibel an huet op Twitter geschriwwen, eng express Stéierung vun der Infrastruktur géif zu der "stäerkstméiglecher Äntwert" féieren.

Déi dänesch Energieagence huet wéinst de Virfäll d'Sécherheetsstuf eropgeschrauft. Et wéilt een d'Infrastrukturen elo grëndlech iwwerwaachen.