Olaf Scholz
Och an Däitschland sollen d'Gaspräisser elo gebremst ginn

D'Energiebetriber sollen dofir direkt ënnerstëtzt ginn. Dofir wier e Budget vun 200 Milliarden Euro virgesinn, deen iwwer Emprunte soll finanzéiert ginn.
D'Nouvelle kënnt, kuerz nodeem däitsch an international Wirtschaftsexperten eng Rezessioun an Däitschland fir d'nächst Joer virausgesot hunn, wéinst dem Impakt vun den héije Gaspräisser op déi ganz Ekonomie.
Quasi zäitgläich mat der Annonce vun der däitscher Regierung ass bekannt ginn, datt d'Inflatioun an Däitschland am September bei engem Rekord vun 10 Prozent wäert leien.
Am meeschte gelies