Den Internationale Währungsfong geet dovunner aus, datt de Krich an der Ukrain zu der schlëmmster weltwäiter Ernährungskris féiert zanter 2008.

Ronn 345 Millioune Mënschen hätten den Ament net genuch ze iessen. 48 Länner, déi am meeschte vun den Enkpäss bei de Liewensmëttel betraff sinn, missten dëst an d'nächst Joer ronn 9 Milliarden Dollar méi fir Liewensmëttelimporter bezuelen.