Russland huet ukrainesch Haaptstad an aner Stied mat Rakéiten beschoss
E Méindegmoie koum et a sëllege Stied an der Ukrain zu Rakéitenattacken, dorënner och op d'Haaptstad Kiew.
Aner betraffe Stied si Lwiw am Westen, wäit fort vun der Front, Dnipro a Saporischschja. De President Selenskyj huet Doudeger a Blesséierter confirméiert.
An engem éischte Bilan hat d'ukrainesch Police vu 5 Doudesaffer an 12 Blesséierter eleng zu Kiew geschwat. Den allgemenge Bilan ass am Laf vum Dag op zéng Doudeger a 60 Blesséierter an de verschiddene Stied geklommen.
Nodeems d'Sireenen no méi ewéi fënnef Stonnen temporär ausgeschalt goufen, ass de Loftalarm aktuell erëm un. D'Autoritéite maachen den Appell un d'Populatioun, sech a Sécherheet ze bréngen.
E Méindeg de Moie gouf et dee längste Loftalarm zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain. D'Haaptstad wär ënnert der Attack vu "russeschen Terroristen", esou de Buergermeeschter Vitali Klitschko op de soziale Reseauen. Rakéiten hätten de Stadkär a kritesch Infrastrukture getraff.
Wéi et vum ukrainesche Militär heescht, hätten 41 vu 75 Rakéiten kënnen ofgefaange ginn. Dem ukrainesche President no haten d'Attacken d'Zil, d'Energierversuergung an d'Zivilbevëlkerung ze treffen. Dowéinst hätt Russland an der Haaptverkéierszäit ugegraff.
D'Attacke sinn een Dag geschitt, nodeems Moskau d'Ukrain responsabel gemaach huet, fir d'Explosioun op der Bréck, déi d'Krim mam russesche Festland verbënnt. De President Wladimir Putin hat an dem Kontext vun engem Terrorakt geschwat.

© AFP
D'Ukrain huet iwwerdeems annoncéiert, sech fir d'russesch Rakéitenattacke revanchéieren ze wëllen. De President Selenskyj huet Russland op en Neits reprochéiert, säi Land ausläschen ze wëllen.
E Beroder vum ukrainesche President sot, dëst wär e weidert Signal, datt déi russesch Fro mat Gewalt misst geléist ginn.
De russesche President Putin dreet iwwerdeems mat weideren Attacken. Hie schwätzt vun enger haarder Reaktioun, am Fall wou d'Ukrain weider Ugrëffer op russeschen Territoire géif lancéieren.
Dat sot hien am Ufank vun enger Reunioun vum nationale Sécherheetsrot, déi live op der Tëlee diffuséiert gouf. Do huet hien d'Loftattacken op d'Ukrain och confirméiert. Grond wär eben d'Explosioun op der Camionsbréck gewiescht.
D’Bréck op der Krim ass allerdéngs am aktuelle Krichsfall e legitimt a strategescht Zil fir d’Ukrain, well et de Ravitaillement vum Feind ënnerbrécht. Pauschal Attacken op zivil Ziler dogéint sinn e Krichsverbriechen am Vëlkerrecht, sou d’Äntwert vun der internationaler Communautéit.
D’EU verurteelt dës abscheilech Attacken op zivil Infrastrukturen. Si si barbaresch a feig a si weise just, dass et déi russesch Taktik ass, Zivilisten ze bombardéieren.
Macron besuergt, Bettel geschockt
De franséische President Emmanuel Macron huet sech effektiv extrem besuergt gewisen iwwer d'Attacken op déi ukrainesch Stied.
Hien hätt dem ukrainesche President Selenskyj an engem Telefonat déi ganz Ënnerstëtzung zougesot, ewéi den Elysée e Méindeg am fréie Mëtteg matdeelt. Och vu weiderem militäreschen Equipement fir déi ukrainesch Truppe war rieds.
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel weist sech schockéiert an engem Statement op Twitter. Hie verurteelt d'Attacken op d'Schäerfst a seet, et géif dobäi just drëm goen d'Zivilpopulatioun ze terroriséieren. De Xavier Bettel wënscht den Ukrainer vill Courage.