D'Heizkäschte klammen, Brennholz kascht op eemol eminent méi an de Wanter steet virun der Dier. Vill Mënschen hunn Angscht, datt et batterkal gëtt.

Wier dat de Fall, geet et fir vill Mënschen an Europa méi wéi un d'Substanz. Et ass verständlech, dass déi éischt Prognose vu Wieder-Experte mat grousser Spannung erwaart ginn. Vill Hausbesëtzer maache sech Suergen am Hibléck op Rekordkäschte beim Hëtzen.

A vu Rekord kann een och am Hibléck op dëse Wanter schwätzen.

Déi neiste Wanter-Previsoune vun amerikaneschen an europäesche Wiedermodeller deiten op e mëlle Wanter hin. Natierlech d'Keelt kënnt, ma de Wanter verleeft duerchschnëttlech méi waarm wéi déi Joren nach virdrun.

De Wanter-Modell vum US-Wiederdéngscht NOAA seet viraus, dass den Zäitraum vun Dezember bis Februar an de meeschten Deeler 1 bis 2 Grad méi waarm ausfält wéi d'Klima tëscht 1991 an 2021. An deene Jore waren d'Wantere verhältnisméisseg scho méi waarm wéi soss. Virun allem de Februar soll hire Previsiounen no immens waarm ginn.

E Liichtbléck fir vill Mënschen, déi sech wéinst de Gaspräisser immens Suerge maachen. En douce Wanter ass do vu Virdeel. Ma e mëlle Wanter bréngt net just Virdeeler, wa mer un de Problem vum Klimawandel denken.

E méi waarme Wanter wéi normal, gesäit och den europäesche Copernicus-Wiederservice ECMWF. Hire Meteo-Modell géif schonn zanter Wochen op e méi waarme Wanter hindeiten. Hire Prognosen no kéint den November 2022 0,5 bis 1 Grad méi waarm ausfalen, mat däitlech manner Reen wéi normal zu där Zäit.

Si soen allerdéngs och, dass den Dezember an de Januar zwar normal bis awer äiskal Temperature vun engem duerchschnëttleche Wanter wäerten hunn, ma och déi Méint soll et wéineg Nidderschlag ginn. An anere Wierder et gëtt dréche-kal mat wéineg Loft an nach manner Reen, wat awer och bedeit, dass et wéineg bis guer kee Schnéi gëtt.

Den ECMWF erstellt seng Modeller mat den Daten aus enger Rëtsch nationale Wiederservicer a ganz Europa. Den nächste Mount wéilt een d'Prognos fir dës Wantersaison nach emol aktualiséieren, fir och wierklech sécher ze sinn.

Hir Previsioune baséieren op Indicateure wéi d'Temperature vum Ozean an der Atmosphär, souwéi Wandvitessen an der Stratosphär.