D'EU-Inneminister souzen e Freideg beieneen, fir iwwer déi héich Zuel vu Flüchtlingen ze diskutéieren, déi aktuell iwwert de Balkan an Europa kommen.

Zanter Ufank dës Joers wieren et ronn 230.000 Leit gewiescht, souvill wéi zanter 2016 net méi. Ee Grond dofir wier d'Visa-Politik vu Serbien. Belgrad erlaabt et nämlech Leit, déi aus Länner kommen, déi de Kosovo als Land och net unerkennen, fir ouni Visa anzereesen. Et géingen opfälleg vill Inder, Kubaner, Tunesier a Leit aus dem Burundi iwwer dee Wee areesen, sou heescht et weider.

Serbien misst dofir elo seng Visa-Reegelen dem Schengenraum upassen, fuerderen EU-Ministeren. Wa sech Belgrad do net géing kooperativ weisen, da géing ee Serbien an och anere Balkanstaaten d'Visa-Fräiheete fir de Schengenraum ewech huelen, sou d'EU-Kommissärin Johansson. Aktuell géingen et awer positiv Signaler vum Balkan ginn, fir hir Visa-Politik ze adaptéieren.