Onrouen, Brandstëftungen an Terroroperatiounen hätten näischt méi mat friddleche Protester ze dinn.

Den Iran huet déi Europäesch Unioun wéinst hirer Positioun zu de Protester am Land kritiséiert. Onrouen, Brandstëftungen an Terroroperatiounen hätten näischt méi mat friddleche Protester ze dinn, esou den iraneschen Ausseminister an engem Telefonsgespréich mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell. D'Police-Asäz géint d'Protester wieren deemno absolut legitim. D'EU sollt dës Evenementer net als Pretext huelen, fir Drock op den Iran ze maachen.

Verschidde Medien hate gemellt, dass d'EU e Méindeg wéilt nei Sanktioune géint den Iran decidéieren, well d'Protester esou brutal ënnerdréckt ginn. Den Iran huet der EU iwwerdeems gedreet, dass een an deem Fall géif adequat reagéieren, voire vläicht esouguer déi diplomatesch Relatiounen ofbriechen. Et gëtt geschat, dass bei de Protester op béide Säiten alles an allem scho méi wéi 200 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.

Am Iran gouf fir e Samschdeg op en Neits zu massive Protester opgeruff. An dat obschonns dës an de leschte véier Woche vun den Autoritéite brutal ënnerdréckt goufen. D'Protester ware jo duerch den Doud vun enger jonker Fra op engem Police-Büro ausgeléist ginn. Antëscht goufe sozial Netzwierker a Messagerien am Iran blockéiert an awer ass et den Demonstrante gelongen, online en Appell fir weider Manifestatiounen e Samschdeg ze lancéieren.