Éischt Sanktioune géint den Iran; Diplomatie am Ukrain-Krich aktuell schwiereg
E Méindeg waren d'EU-Ausseminister zu Lëtzebuerg beieneen, fir iwwer Sanktioune géint den Iran ze diskutéieren.
Éischte Sanktiounspak géint den Iran gouf decidéiert
Den Iran ass en theokratesche Regimm, e Polizeistaat, seet de Jean Asselborn an d'Leit liewen zanter 1979 an dëse Konditiounen. Déi jonk Leit, déi aktuell op d'Strooss ginn, si keng Terroristen an och ass net den "Däiwel an Amerika" Schold un de Protester, mä hire Regimm. "D'Leit, virun allem d'Fraen an d'Meedercher, wëllen net méi esou liewen", seet de Lëtzebuerger Ausseminister. Wann een d'Biller gesäit, wéi d'Autoritéiten dohanne mat de Leit ëmginn, "ass dat e potentielle Polizeistaat".
D'Sanktiounen, déi d'EU elo decidéiert, ginn dem Jean Asselborn net duer, fir direkt eppes ze änneren. Den éischte Pak steet. Un engem Zweete gëtt geschafft. Och d'Liwwerung vu Kamikazedronen aus dem Iran u Russland kéint bei weidere Sanktiounen eng Roll spillen.
Sinn an der Ukrain iranesch Dronen am Asaz?
Aktuell huet een nach net déi richteg Beweiser, datt déi Dronen och aus dem Iran kommen. Et schielt sech awer ëmmer méi eraus, datt déi Dronen vun do kommen an datt Russland esouguer eng Lizenz kéint kréien, fir se selwer ze bauen. Fir den Ament huet een awer de Schwéierpunkt vun de Sanktioune géint den Iran op déi Spezialpolice geluecht.
An där Sëtzung war och och den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba zougeschalt, deen eng éischte Kéier an engem Bunker souz, fir esou eng Sëtzung. Dem Jean Asselborn no sot de Kuleba ganz kloer, datt iwwert sengem Haus Dronen explodéiert wieren, déi aus dem Iran géife kommen.
Aktuell kee Mouvement bei russeschen Atomwaffen
Op d'Atomwaffen ugeschwat, déi Russland kéint asetzen, seet de Jean Asselborn, datt hie sech net un esou Spekulatioune wéilt bedeelegen. Eenzeg kéint hie soen, datt d'Amerikaner an d'Nato ëmmer nees betounen, datt et kee Mouvement bei de russeschen Atombomme gëtt. Et muss, esou de Lëtzebuerger Ausseminister, alles gemaach kréien, fir datt een en Asaz vun Atomwaffe verhënnert gëtt. Dat géif d'Welt nämlech an eng Situatioun vu Chaos bréngen.
Diplomatie am Ukrain-Krich? Net ënnert de russesche Konditiounen!
D'Diplomatie wier dann och fir de Jean Asselborn eng Méiglechkeet, ma de Problem ass aktuell, datt de President Putin zwar wëll verhandelen, mä just ënner verschidde Konditiounen. Déi wieren, datt d'Krim wéi och déi véier Donbass-Regioune russesch bleiwen an all de Recht vun der Ukrain misst absolut neutralen Terrain sinn. "Ënnert deene Konditioune kann net diskutéiert ginn", esou de Jean Asselborn, dee fäert, datt een diplomatesch den Ament net virukënnt. Sollt d'Ukrain awer weider Terrain guttmaachen a Russland weider Verloschter hunn, kéint den Ament kommen, wou Russland sech muss mat un en Dësch setzen, hofft de Jean Asselborn. Ënnert den aktuelle Konditiounen, déi Russland stellt, gesäit de Lëtzebuerger Ausseminister net, datt een op diplomateschem Wee géif virukommen.