Enger Enquête no hu Beamten aus dem Gesondheetssecteur exakt Informatiounen iwwert de Verlaf vun der Coronapandemie missten zeréckhalen oder verschéineren.

Dat steet am Bericht iwwert d'Enquête, déi d'US-Representantenhaus iwwert d'Coronakris an Optrag ginn huet. Nom Interview mat méi Zeie koum een zum Schluss, datt d'Trump-Administratioun op déi Aart a Weis probéiert huet, d'Coronapandemie méi harmlos duerzestellen, fir esou dem deemolege President seng Positioun ze ënnerstëtzen.

Héich Membere vum CDC, also dem Zenter fir Krankheetskontroll a -präventioun, hunn ausgesot, datt si vun Trump-Leit schikanéiert goufen an datt dës probéiert hunn, hir Meldungen iwwert d'Ausbreedung vum Coronavirus ëmzeschreiwen. Et wieren esouguer direkt Schrëtt ënnerholl ginn, fir de Prozess, fir wëssenschaftlech Texter ze publizéieren, ze beaflossen, respektiv fir dës Texter vum CDC ze widderleeën, esou heescht et an der Enquête.