Rumänien a Bulgarien
D'EU-Parlament wëll de Schengen-Raum erweideren

Rumänien a Bulgarien sollen opgeholl ginn. Eng entspriechend Resolutioun soll um Donneschdeg zu Stroossbuerg ugeholl ginn.
Un de Grenze mat deenen zwee Länner géing et da keng Grenzkontrolle méi ginn. Et wier diskriminéierend, dass béid Länner schonn zanter 2007 EU-Member sinn, mee awer bis ewell nach net am Schengen-Raum sinn, esou d'Argumentatioun vum Europaparlament.
Et gëtt awer och Kritik un där Resolutioun, verschidde Länner fannen, dass d'Korruptioun bannent der Regierung a Rumänien an a Bulgarien nach net iwwerwonne wier.
Am meeschte gelies