Memberlänner fannen no laangen Negociatiounen en Accord
D'EU-Kommissioun hat am Virfeld scho Propositioune virgeluecht, déi u sech vu ville Staaten, ausser ënner anerem Däitschland, guttgeheescht goufen.
Um Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel goung et en Donneschdeg virop ëm zwou Froen: wéi kritt een d'Gaspräisser nach erof? A wéi behält ee se op engem méi niddregen Niveau, fir d'Leit ze entlaaschten? Dëst si Gespréicher, déi d'Diplomaten als ganz schwiereg ugesinn hunn.
An der Nuecht op e Freideg gouf et zu Bréissel dunn awer een Accord. D'EU-Staats-a Regierungscheffen si sech eens ginn, wéi d'Energiepräisser niddreg gehale solle ginn. D'Propositioune vun der Kommissioun si grosso modo unanime vun de 27 Memberstaaten acceptéiert ginn. Konkret Prozedure bleiwen awer nach d'nächst Woch vun den Energieministeren ze klären.
D'EU-Staats-a Regierungscheffe sinn d'Accord, dass europäesch Energie-Entreprisen zesumme Gas akafen. En dynamesche Gaspräisdeckel soll entwéckelt ginn. D'Reegele fir Staatshëllef fir Entreprisë gi méi labber.
Nei sinn d'Iddien net. Beim informelle Sommet zu Prag stounge se schonn um Orde du Jour. Nawell schätzt de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel vun engem Exploit.
"Et ass fir d'éischt wou mir soen, dass eng Impakt-Analyse bei deem sougenannte Korridor (fir Gaspräisser) muss gemaach ginn. Wat bréngt et a wat kascht et mat de Garantië fir Liwwerungen? Dat sinn alles Saachen déi awer nei sinn. D'Press sot virum Sommet, mir géifen eis iwwer näischt eens ginn. Dach. Mä mir ginn eng Rëtsch un Hausaufgaben un aner Ministeren. Mir kënnen net all d'Decisiounen huelen."
Et bleift vill Aarbecht ze maachen. Virun allem wann et ëm den dynamesche Gaspäisdeckel, genannt Korridor, am Fall wou et extrem Schwankungen um Marché géif ginn, geet. Dofir huet awer och elo Däitschland gréng Luucht gi fir géint d'Volatilitéit vum Gaspräis um Marché ze kämpfen. De Bundeskanzler Olaf Scholz:
"Mir brauchen e fräie Marché dee gutt funktionéiert an deen dofir suergt, dass mir Gas kréien. Et soll net sinn, dass et duerch aleatoire Präisser onméiglech ass, Gas ze kréien. Mee mir wëllen d'Spëtzten, déi duerch Spekulatioun entstinn, kënnen drosselen. Et si schwiereg Detailer nach ze klären."
Iwwer den Accord vun Däitschland freet sech no zéien Negociatiounen och de franséische President Emmanuel Macron:
"Mir hunn et fäerdeg bruecht, déi mat anzebezéien, déi am meeschten dogéint waren. Esou kënnt Europa virun."
De President Macron gëtt dann och den Zäitplang fir déi Mesuren.
"Enn Oktober, uganks November wäerten déi Mechanisme kënnen agefouert ginn."
E Freideg um Sommet geet et nach virop ëm de gemeinsame Support fir d'Ukrain an aner geopolitesch Sujete wéi d'Relatioune mat China.
Skepsis an Däitschland virum Accord
D'EU-Kommissioun hat am Virfeld vun de Reuniounen d'Initiativ geholl a konkret Propositioune virgeluecht. Déi gi vu ville Staate guttgeheescht, ma virop Däitschland war skeptesch. Deemno war Däitschland fir den Optakt vun dësem Sommet dat Land, iwwer dat am meeschte geschwat gouf.
Dat wéinst direkt zwee Dossieren. Däitschland huet en Hëllefspak wéinst den héijen Energiepräisser vun iwwer 200 Milliarden Euro iwwer dräi Joer decidéiert: de sougenannten "Doppelwumms", fir de Bierger ze hëllefen awer och de Betriber.
Eng jett Memberstaaten iergere sech doriwwer: deloyal Konkurrenz am EU-Bannemaart, esou de Reproche. Net-solidarescht Verhalen. Den Olaf Scholz äntwert roueg: och déi aner Staate géifen an der selwechter Gréisstenuerdnung doheem hëllefen.
Fir den Emmanuel Macron muss eng ganz Rei Moossnamen zesummegräifen. Vum Deckel op de Gas iwwer e Mechanismus, wou de Präis vum Elektresch net méi direkt un dee vum Gas gebonnen ass, bis zesumme Gas akafen, sou wéi d'EU-Kommissioun et proposéiert.
Bei der Fro, ob d'EU dynamesch Gaspräisdeckelen aféiere sollt, fir de Fall, wou d'Präisser grouss Spréng géife maachen, sot den Emmanuel Macron virum Sommet:
"Mir hu schonn eng grouss Eenegkeet tëscht de Länner. Ech wäert nach mam däitsche Bundeskanzler schaffen. Ech fannen et ass weder fir Däitschland nach fir Europa gutt, dass et sech isoléiert. Et ass wichteg, dass mir aus dem grousse Konsens eng Unanimitéit maachen." Fir den Emmanuel Macron ass et wichteg, datt een onbedéngt d'Unioun an der Unioun behält.
Eng Initiativ, déi de Lëtzebuerger Premier net just begréisst huet. De Xavier Bettel hat proposéiert, méi wäit ze goen an d'G7-Staate wéi Japan mat an d'Boot ze huelen, fir de Konkurrenzdrock ofzebauen.
"Lëtzebuerg géif a priori näischt blockéieren", sot de Premier. Et wär e ganz wichtege Sommet. "Et ass een, wou d'Leit net dierfen enttäuscht ginn, well mer zu Bréissel net eens ginn. Mir musse gemeinsam Léisunge fannen. [...] Ma mir hunn hei eng Kris, déi d'Ekonomie concernéiert, déi d'Bierger concernéiert. Et ass eng, déi flächendeckend ass. Mir hu ganz oft Krise gehat vun eenzele Länner. Hei ass eng europäesch Kris, wou mer och mussen eng europäesch Äntwert fannen."
Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz hat sech effektiv am Bundestag e Mëttwoch ganz skeptesch iwwer déi Gaspräisdeckele geäussert. De Begrëff selwer huet hie bei senger Arrivée um Sommet evitéiert, mä dat hei gesot: "Dat hei wëll ech nach eemol ganz kloer soen: mir musse kucken, dass mir dat, wat mir decidéieren, esou ariichten, dass et funktionéiert. Kee wëll lo Decisiounen huelen, déi theoretesch gutt kléngen, mä wou et duerno kee Gas gëtt."
Däitschland fäert notamment, dass Agrëffer an de Marché kënnen dozou féieren, dass d'Produzente kee Gas méi an Europa liwweren. Den däitsche Kanzler wéilt wuel léiwer fir d'Éischt mat den internationale Partner un engem Präisdeckel schaffen.
D'Haaptpropositioune vun der EU-Kommissioun, Solidaritéit tëscht de Memberstaaten, zesumme Gas kafen a Präisdeckelen am Noutfall, wäre gutt, betount de belsche Premier Alexander De Croo, fir deen dëst dee wichtegste Sommet zanter laangem ass. "D'Propositiounen déi d‘Kommissioun gemaach huet, féieren haut schonn zu Reduktioune vun de Gaspräisser. D‘Signal hat schonn deen Effekt. Elo mussen d‘Präisser weider erofgoen. An eis Instrumenter sollen dobäi hëllefen, dass se net méi klammen."
D'Energiepräisser an d'Energieversuergung waren awer bei wäitem net déi eenzeg wichteg Punkten op der Agenda vun de 27 Staats- a Regierungscheffen. Thema ass och déi weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain am Krich géingt Moskau. An zanter béid Nord-Stream-Pipelinë gesprengt goufen, mécht och de Schutz vu kritescher Infrastruktur an Europa suergen. Eleng an der Nordsee ginn et eng 8.000 Kilometer u Pipeline respektiv Kabel, déi Elektresch Direktioun Europa transportéieren. Dobäi kommen zum Beispill och nach d'Internetverbindungen.