E Sonndeg an enger Woch fänkt d'COP 27 un. Zu Lëtzebuerg hu sech e Méindeg déi europäesch Ëmweltminister am Virfeld vun dësem Rendez-vous getraff.

EU-Ëmweltministeren zu Lëtzebuerg - Reportage Dany Rasqué

Déi 27. Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen ass dës Kéier zu Sharm el Sheikh an Ägypten. No enger Entrevue zu Lëtzebuerg hu sech déi verschidden Ëmweltministere vun den EU-Länner op eng gemeinsam Positioun gëeenegt a fuerdere méi Asaz, speziell vun anere Länner.

D'EU-Ëmweltministeren ënnersträichen, datt déi global Ambitiounen an d'Luucht musse goen, fir datt d'1,5-Grad-Zil kann agehale ginn. Si appelléieren un alleguer d'Länner op der Welt, engagéiert Ziler a Strategien op den Dësch ze leeën. Virun allem déi grouss Ekonomië misste mam gudde Beispill virgoen an nach virum Rendez-vous an Ägypten hir Contributiounen iwwerpréiwen.

D'EU selwer géif hir Engagementer anhalen an d'Zäregasemissioune bis 2030 ëm op d'mannst 55 Prozent am Verglach mat 1990 reduzéieren. Bis spéitstens 2050 wëll d'EU klimaneutral sinn. D'Ëmweltorganisatioun WWF begréisst dës Positioun.

D'EU ass sech e Méindeg den Owend och iwwert eng Positioun fir d'Biodiversitéitskonferenz am Dezember a Kanada eens ginn. Ënnert anerem solle bis 2030 op d'mannst 30 Prozent vun de weltwäite Landflächen an op d'mannst 30 Prozent vun den Ozeaner geschützt ginn.

D'EU-Staaten wëllen iwwerdeems vun 2030 un nëmmen nach klimaneutral Neibauten erlaben. Fir bestoend Haiser a Wunnenge sollen et iwwerdeems Mindestnorme fir d'Energieeffizienz ginn. Bis 2050 sollen all d‘Gebaier an der EU emissiounsfräi sinn. Op vill Proprietäre kéinten esou opwänneg Renovatiounen duerkommen. Fir eng definitiv Decisioun muss awer nach mam EU-Parlament negociéiert ginn.

En Dënschdeg waren d'Energieministeren aus den EU-Memberstaaten dann och beieneen, fir d'Detailer iwwert de kollektive Kaf vu Gas ze klären. De Lëtzebuerger Claude Turmes huet erkläert, dass d'Länner an Zukunft op d'mannst 15 Prozent vun hire Gasspäicher iwwer déi gemeinsam Plattform akafe mussen. Deemno géifen d'Besoine vun de Memberen zesummegerechent ginn. Déi entspriechend Quantitéit u Gas géif dann zesumme kaaft ginn.

De Claude Turmes ass iwwerzeegt, dass de gemeinsamen Akaf bis Mëtt November och rechtlech ofgeséchert ka sinn. D'selwecht wéi de Robert Habeck steet de Claude Turmes engem fixe Präisdeckel skeptesch géigeniwwer. Dat wier net dat richtegt Instrument, well Exportlänner riskéiere géifen, hire Gas un aner Clienten ze verkafen.

D'Energieministeren hunn och festgehalen, dass elo um Niveau vun der Internationaler Energieagence eng "Gas Crisis Group" aberuff gëtt, wou dann zesumme mat den USA, Kanada, Australien, Japan a Korea gekuckt gëtt, dass ee sech och international besser ofschwätzt beim Akafe vu Gas. Dee Grupp gouf elo aberuff an am Februar wäert eng éischt Reunioun op Ministerniveau sinn.

Energie-Conseil / Reportage Dany Rasqué

Habeck géint Präisdeckel

Besser ewéi en Deckel op d’Gaspräisser ass et gemeinsam de Gas anzekafen. Dat sot den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck en Dënschdeg de Moie bei senger Arrivée um Kierchbierg. Hien huet erkläert, datt wann d’EU-Länner konkurréieren, se logescherweis d’Präisser an d’Luucht dreiwen. Wa se sech ofstëmmen, da wier dat net de Fall. E fixe Präisdeckel, deen eng Rei Länner froen, wier net dat richtegt Instrument, well Exportlänner riskéieren hire Gas einfach un aner Clienten ze verkafen.