Gutt Nouvelle
De Gaspräis an Europa fält weider

Dat confirméiert d’Energie-Bourse an Holland, a schwätzt vum niddregste Stand an de leschte 4 Méint.
Fir d’éischt zanter Juni kascht eng Megawatt-Stonn Gas nees manner wéi 100 €.
Ufank Mäerz, also kuerz nom Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain, war de Präis op 345€ an d’Luucht geschoss. Enn August war e bal genee sou héich, bei 342€.
D’Grënn, firwat de Gas lo nees méi bëlleg ass, wieren déi ongewéinlech héich Temperaturen, an déi gutt gefëllten europäesch Gas-Späicher.
Am meeschte gelies