An der EU goufen 2020 ronn 127 Kilo un Iesse pro Awunner ewechgehäit

55% vum Iessen, wat ewechgehäit gouf, kënnt direkt aus den europäesche Stéit. Déi aner 45% kommen aus der ganzer Produktiouns- a Liwwerketten.
An der ganzer EU goufen 2020 57 Milliounen Tonnen u Liewensmëttel ewechgehäit, 31 Millioune Tonnen dovunner kommen aus de private Stéit, 10 Milliounen Tonne kommen aus der Veraarbechtung, 6 Milliounen aus der Produktioun, 5 Milliounen aus de Restauranten a 4 Milliounen aus der Distributioun. Esou d'Statistike vun 2020 vun Eurostat.

Kuckt een d'Liewensmëttelverschwendung bei den eenzele Länner un, esou steet Däitschland ganz uewen un der Spëtzt, dat mat bal 11 Milliounen Tonnen, bei iwwer 84 Milliounen Awunner. Esou kënnt een am Total op knapp 130 Kilo pro Awunner, kuckt ee sech just d'Stied un, kënnt een op 77 Kilo. Lëtzebuerg dann am Verglach: Hei ginn 146 Kilo Iesswuere pro Awunner am Total ewechgehäit, dovunner 90 Kilo vun de Stéit selwer. Béid leien also iwwert der Moyenne an der EU.

D'Moyenne erof zum Beispill dréckt Slowenien. Hei geheien déi 2,1 Milliounen Awunner 143.570 Tonne Liewensmëttel ewech, pro Kapp sinn dat 68 Kilo, bei de Stéit sinn et esouguer just knapp iwwer 35 Kilo. Vun eise belschen Noperen, wéi och aus Lettland a Rumänien ginn et keng Zuelen.

Kuckt ee sech da just d'Ennproduzenten, also d'Restauranten an d'Stéit un, wéi och d'Geschäfter, wou Liewensmëttel verkaf ginn, esou ginn eppes iwwer 10 Prozent vun de Liewensmëttel ewechgehäit. Schätzunge vum Eurostat no goufen 2020 pro Awunner 788 Kilo Liewensmëttel an der ganzer EU verkaf an 91 Kilo goufen ewechgehäit.
