D'Zil ass ambitionéiert, d'Zäit ass knapp: Bis d'Joer 2030 sollen d'Zäregas-Emissiounen an der EU am Verglach zu 1990 méi wéi ëm d'Hallschent erofgoen.

Déi wirtschaftlech Erhuelung nom schlëmmste Joer vun der Corona-Pandemie 2020 huet an der Europäescher Unioun eng Hausse bei de klimaschiedlechen Emissioune matsechbruecht. D'Zäregas-Emissioune sinn zejoert nees geklommen an zwar ëm fënnef Prozent am Verglach mat 2020. Domadder louch de Wäert awer nach knapp sechs Prozent ënnert dem Niveau vun 2019, sou steet et am neie Rapport vun der EU-Ëmweltagence (EEA).

Fir d'Erreeche vun de Klimaziler 2030 mussen déi 27 EU-Memberstaaten däitlech méi maachen. De Fortschrëtt misst méi wéi verduebelt ginn, schreiwen d'Experten. Decisiv Mesurë wieren an den nächste Méint a Joren néideg, datt d'Memberstaaten éiergäizeg Pläng opstelle kéinten, fir d'Ziler ze erreechen, sou den EEA-Exekutivdirekter Hans Bruyninckx.

Mam Klimapak "Fit for 55" wëll d'EU den Ausstouss bis 2030 am Verglach zu 1990 ëm op d'mannst 55 Prozent erofsetzen. Bis 2050 soll d'EU klimaneutral ginn. Alles dat geschitt och mat Bléck op d'Wiederextremer, déi laang net méi just a Regioune méi wäit ewech virkommen, mä och an Europa méi heefeg ginn.