D'EU-Kommissioun huet e Mëttwoch hire Plang virgestallt, fir an den nächste 7 Joer de Grenzwäert vum renge Stëbs ëm d'Hallschent ze reduzéieren.

Déi Europäesch Kommissioun wëllt d'Loft a Stied an Dierfer an och d'Qualitéit vun de Gewässer verbesseren. Frësch Loft dierft kee Luxus sinn, mä en essentiellt Mënscherecht, sot den zoustännege Kommissär Virginijus Sinkevicius e Mëttwoch zu Bréissel. D'Kommissioun huet virgeschloen, déi erlaabt Grenzwäerter vum renge Stëbs erofzesetzen. D'Ofwaasser soll besser gekläert ginn.

Als Limitt soll 2030 e Wäert vu just nach 10 Mikrogramm pro Kubikmeter erlaabt sinn. Haut si 25 Mikrogramm pro Kubikmeter an der Moyenne iwwert d'Joer erlaabt. D'WHO hat souguer just 5 Mikrogramm gefuerdert.

Wéi dat Ganzt erreecht soll ginn, ass iwwerdeems Aufgab vun den eenzele Memberlänner.

Der Kommissioun no stierwen all Joer 300.000 Europäer fréizäiteg duerch d'Loftverschmotzung. Deemno sinn dobäi de renge Stëbs, Stéckstoffdioxid an Ozon déi schlëmmst Schuedstoffer. Loftverschmotzung kann op Dauer zu gesondheetleche Problemer wéi Häerzkreeslaf- oder Otemweeerkrankunge féieren.

Méi streng Reegele wëllt d'Kommissioun och bei der Behandlung vun Ofwaasser aféieren. Well der EU no 92 Prozent vun de gëftege Mikro-Schuedstoffer am Ofwaasser vu Medikamenter a Kosmetik stamen, sollen an Zukunft d'Produzente fir d'Käschte vun der Eliminatioun vu Réckstand vu Schuedstoffer opkommen.

D'Kommissioun huet och proposéiert, fir d'Ofwaasser systematesch op d'Virkomme vu Viren wéi de Coronavirus z'ënnersichen. Och solle Warnungen no Virfäll, wéi dem Fëschstierwen an der Oder an dësem Summer, fir flossofwäerts geleeë Gebidder verflichtend ginn.