Agenten, déi am Verdacht sinn, fir de Kreml ze schaffen, sollen de privaten Handy vun der Liz Truss gehackt hunn, heescht et an der "The Mail on Sunday".

Hei gëtt en onbestätegte Bericht vun ongenannte Sécherheetsquellen zitéiert.

Et sollen ënnert anerem Gespréicher tëscht der Liz Truss an dem Kwasi Kwarteng ofgelauschtert gi sinn, dee si spéider zum Finanzminister ernannt huet.

Den Hackerugrëff wier schonn am Summer entdeckt ginn, wéi déi deemoleg Ausseministesch sech fir de Poste vun der Premierministesch engagéiert huet, mellt d'Zeitung weider.
Et heescht dann och nach am Artikel, dass den deemolege Premier Boris Johnson zesumme mat sengem Kabinettssekretär Simon Case sech dozou entscheet haten, de Virfall net ze thematiséieren.

Oppositiounspolitiker froen elo eng Enquête. Et géife wichteg Froen zur nationaler Sécherheet opgeworf ginn, esou d'Yvette Cooper vun der Labour-Partei. Eng Regierungsspriecherin huet gesot, et géif ee sech net zu Sécherheetsmesurë fir Eenzelpersounen äusseren. Et géif e robuste System zum Schutz vu Cybermenacë ginn, heescht et weider.

Aus dem Artikel geet net ervir, op wéi enger Grondlag dass Russland hannert der Attack géif vermutt ginn.

D'BBC a Sky News konnten de Bericht eegenen Informatiounen no an enger éischter Phas net iwwerpréiwen.