Bis ewell hu 16 EU-Memberlänner, dorënner och Lëtzebuerg, CETA ratifizéiert

De Fräihandelsaccord CETA tëscht der EU a Kanada gëtt elo zanter 5 Joer provisoresch ëmgesat.
Dat äntwert den Ausseminister Jean-Asselborn op eng parlamentaresch Fro.
Hie präziséiert, datt Lëtzebuerg a Punkto Investissementer zejoert de 4. gréissten direkten Investisseur a Kanada war. Wat d'Exporter vu Lëtzebuerg aus a Kanada uginn, hätten dës dem Lëtzebuerger Ausseministère no zejoert e Rekordchiffer vun 124 Milliounen Euro ereecht. Bei den Importer géifen et vu Joer zu Joer staark Variatioune ginn - zejoert war een op 109 Milliounen Euro.
D'Pandemie an de Krich an der Ukrain géifen op en Neits weisen, wéi wichteg et wier, ekonomesch a kommerziell Partner ze hunn, op déi een ziele kann an d'ekonomesch Lienen ze stäerken mat Länner, déi di nämmlecht Valeuren a Visiounen hunn, sou nach de Jean Asselborn.