Am Juni war d'Regierungskoalitioun aus 8 Parteien, déi sech géint den Netanjahu zesummegedoen haten, auserneegebrach.

Bis 21 Auer waren d'Wallokaler an Israel um Dënschdeg op. Kuerz no der Fermeture koumen déi éischten Héichrechnungen. Deenen no wier déi rietskonservativ Partei vum aktuellen Oppositiounschef Netanjahu déi stäerkste Kraaft am Land. Si kéim op 30 bis 31 vun den 120 Sëtz am Parlament. Op d'Plaz 2 kéim d'Zukunftspartei vum aktuelle Ministerpresident Lapid mat 24 Sëtz.

5. Walen an 3,5 Joer

An Israel gouf en Dënschdeg déi 5. Kéier bannent dräi an engem hallwe Joer en neit Parlament gewielt. Déi ronn 6,8 Millioune Bierger sinn deemno haut opgeruff déi 120 Deputéiert vun der Knesset ze wielen.

Sondagen hunn erginn, dass d'Resultat op en Neits immens enk kéint ausfalen tëscht de Supporter vum fréiere Premier Netanjahu a senge Géigner. Am Juni war d'Regierungskoalitioun aus 8 Parteien, déi sech géint den Netanjahu zesummegedoen haten, ausernee gebrach.

Nach bis 21 Auer um Dënschdeg den Owend waren d'Wallokaler op. Mat éischte Prognosen ass méi spéit am Owend ze rechnen.