186 Milliarden Euro Depensë proposéiert
Zu Bréissel steet vun e Freideg un den EU-Budget zur Debatt

© AFP/JOHN THYS
Am Sträit ëm den EU-Budget fir d'nächst Joer soll dëse Weekend eng Léisung fonnt ginn.
D'Memberlänner an d'Europaparlament gesi sech vun e Freideg un, fir e Kompromëss ze fannen. Konkret geet et drëm, dass d'Kommissioun méi wëll ausginn, wéi d'Memberlänner dat gäre gesinn.
D'Memberlänner wëlle spueren, iwwerdeems d'Europaparlament de Budget fir 2023 ëm 1,7 Milliarden Euro eropsetze wëll. Schaarf Kritik gëtt et och um Plang vu Stroossbuerg, eng 50 Experte fir Cybersécherheet wëllen anzestellen. Bis e Méindeg soll eng Léisung fonnt ginn.
D'Bréisseler Kommissioun hat am Juli e Budget vun 186 Milliarden Euro op Depensesäit proposéiert.
Am meeschte gelies