EMA
Ugepasste Vaccin vu Biontech elo och fir Kanner vu 5 Joer u recommandéiert

D'Europäesch Medikamentenagence EMA huet den ugepasste Vaccin vu Biontech elo och fir Kanner vu 5 Joer u recommandéiert.
D'EU-Kommissioun muss nach gréng Luucht ginn, mä dat gëllt als Formsaach. Den Impfstoff, dee besser géint d'Omikron-Subvariante BA4 a BA5 wierke soll, ass jo fir Leit iwwer 12 Joer zougelooss.
Experte rechne mat enger verstäerkter Protektioun géint verschidde Mutatioune vum Coronavirus. Den adaptéierte Vaccin soll sou gutt verdroe ginn a sou sécher sinn ewéi dat initiaalt Präparat.
Am meeschte gelies