Russesch Liewensmëttel an Dünger sollten nees ongehënnert kënnen exportéiert ginn, esou déi russesch Representanten zu Genf an der Schwäiz.

Just e puer Deeg virum Enn vum Kären-Ofkommes hunn d'UNO a Russland doriwwer beroden, wéi et kéint weidergoen. Mat deem Deal kann d'Ukrain nämlech Kären iwwer d'Mier exportéieren.

Russland verlaangt dofir awer, dass d'Sanktiounen opgehuewe ginn. Russesch Liewensmëttel an Dünger sollten nees ongehënnert kënnen exportéiert ginn, esou déi russesch Representanten zu Genf an der Schwäiz.

D'Vereenten Natioune ruffen dowéinst elo dozou op, de Wee fir d'Düngemëttel aus Russland op ze maachen. Ze wéineg Dünger um Marché kéint nämlech och, esou d'UNO, zu engem weltwäite Manktem u Liewensmëttel féieren. Dat sollt awer mat alle Mëttele verhënnert ginn.

Wuel wieren d'Gespréicher mat Vertrieder vun de Vereenten Natiounen zu Genf nëtzlech gewiescht, ma d'Fro vun enger Verlängerung wier weider op, zitéiert déi russesch Noriichtenagence Tass de stellvertriedenden Ausseminister Sergej Werschinin e Samschdeg den Owend. Hie fuerdert, déi stattlech russesch Rosselchos-Bank misst vun de westleche Sanktiounen ausgeholl ginn an nees un den internationale Bezuelsystem Swift ugeschloss ginn. Virdru géif et keng Fortschrëtter ginn.