Nodeems d'EU eng fir si inakzeptabel Propositioun vun der ägyptescher Presidence rejetéiert hat, hätt ee sech lo beim Thema klimabedéngt Schied gëeenegt.

"Mir hunn en Accord fonnt", huet et aus der EU-Delegatioun geheescht. Konkreet geet et ëm e Kompensatiounsfong vu klimabedéngte Schied - eng Fuerderung vun den Entwécklungslänner.

Dat nodeems d'Europäesch Unioun virdrun eng Propositioun vun der ägyptescher President fir d'Ofschlossdeklaratioun rejetéiert hat, well dës fir si mat Bléck op d'1,5-Grad-Zil vum Paräisser Klimaschutzofkommes net duergoung, wéi de stellvertriedende Chef vun der EU-Kommissioun Franz Timmermans sot. 2015 waren d'Staate sech eens ginn, datt d'Äerderwiermung soll op 1,5 Grad par Rapport zu der virindustrieller Zäit limitéiert ginn, fir sougenannte Kippelementer am Klimasystem ze verhënneren, déi onkontrolléierbar Kettereaktioun ausléise géingen.

D'COP27 gouf jo schonn ëm een Dag verlängert, well d'Participante sech op diverse Punkten net eens ginn. Virun allem gouf et Diskussioune ronderëm de Kompensatiounsfong, deen elo gestëmmt gouf, fir déi Länner, déi am schlëmmste vum Klimawandel betraff sinn. D'EU an aner Industriestaate waren zwar am Prinzip d'Accord, hunn awer als Géigeleeschtung verlaangt, dass méi Efforte gemaach ginn, fir d'Emissiounen no ënnen ze drécken.