Déi fréierer Vizepresidentin vum EU-Parlament bleift an Untersuchungshaft. Iwwerdeems hu griichesch Autoritéiten e Grondstéck vun hir saiséiert.

D'Eva Kaili, déi am Kader vun der Korruptiounsaffär vun hirem Posten als Ex-Vizepresidentin vum EU-Parlament entbonne gouf, hat mat hirem Partner Francesco Giorgi ee ronn 7.000 Quadratmeter grousst Grondstéck op der griichescher Insel Paros kaaft. Dëst Grondstéck wier elo vun de griicheschen Autoritéite saiséiert ginn, wéi et en Donneschdeg op der Noriichtenagence  Afp vun enger Source an der Justiz heescht.

Och de Bankkonto vun der fréierer Vizepresidentin vum EU-Parlament an hirem Partner, mat deem d'Grondstéck kaaft gi wier, wier agefruer ginn. D'Saisie vum Grondstéck wier am Kader vun enger virleefeger Enquête géint d'Eva Kaili geschitt. Dës hätt de Finanzparquet d'lescht Woch ageleet, wéi et aus Justizkreesser heescht. An der Affär geet et ëm de Verdacht, datt déi fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament Bestiechungsgelder ugeholl a Blanchiment gemaach huet.

Schonn d'lescht Woch hat déi griichesch Autoritéit géint de Blanchiment annoncéiert, der 44 Joer aler Sozialdemokratin hiert Verméigen anzefréieren.

En Donneschdeg hat d'Kaili zu Bréissel Rendez-vous viru Geriicht. Do ass decidéiert ginn, datt si weider an Untersuchungshaft bleiwe soll. Wéi den zoustännege Parquet matdeelt, ass hir Inhaftéierung ëm ee Mount verlängert ginn.

Der Griichin hir Affekote soen, hir Mandantin wier onschëlleg. Ee vum Eva Kaili hiren Affekoten hat d'lescht Woch, nodeems grouss Zomme Boergeld an hirer Wunneng fonnt goufen, gesot, si hätt dovunner näischt gewosst. Just hire Partner kéint "Äntwerten zu der Existenz vun de Suen" ginn.