Amazon wëll iwwer 18.000 Aarbechtsplaze sträichen

© AFP Archivbild
No enger Astellungsoffensiv dat lescht Joer, elo de Contraire: Amazon huet annoncéiert, iwwer 18.000 Plazen ze sträichen.
D'Entloossungswell fält deemno méi grouss aus, wéi den Onlinehändler Amazon dat ugekënnegt hat. De Comitéschef Andy Jassy huet an engem Memo un d'Mataarbechter vun iwwer 18.000 Aarbechtsplaze geschwat, déi ofgebaut ginn. Am November war vun 10.000 Plaze Rieds.
Zu Lëtzebuerg gehéiert Amazon mat enge 4.000 Salariéen zu deene fënneftgréissten Employeuren am Land. Ufank Dezember hat de Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate geäntwert, et géif nach keng Informatiounen zu méiglechen Entloossungen am Grand-Duché ginn. Amazon hat selwer op Nofro gesot, et misst een dat neit Joer ofwaarden.
Et handelt sech ëm de gréisste Personalofbau an der Geschicht vum US-Konzern, deen 1994 gegrënnt gouf. Amazon huet zulescht weltwäit ronn 1,5 Millioune Mënsche beschäftegt, déi meescht dovun an der Liwwer- a Lagerinfrastruktur.
D'Chefekipp wier sech am Kloren driwwer, wéi schwiereg d'Entloossunge fir déi Betraffe wieren a si géife sech d'Decisioun net liicht maachen. Am Hibléck op déi héich Inflatioun an d'Hausse bei de Leetzënsen, hätt ee kee Choix, de Schratt wier noutwenneg fir Käschten ze drécken. Den 18. Januar sollen déi concernéiert Leit kontaktéiert ginn.
Amazon hat schonn am November am grousse Stil domat ugefaangen, Plazen ze sträichen. An de Jore virdrun, besonnesch awer wärend der Pandemie goufe wéinst dem Bestell-Boom méi Leit agestallt. Waren do virun allem defizitär Servicer betraff, sollen elo och aner Servicer concernéiert sinn, haaptsächlech an de Beräicher Déngschtleeschtung an Apparater. Dem Management no hätt een dëst zwar wëllen diskret mat de betraffene Mataarbechter reegelen, ma d'Entloossungspläng wiere geleakt ginn. D'US-Finanzzäitschrëft "Wall Street Journal" hat schonn am Virfeld driwwer bericht a sech op en Insider beruff.
Wéi eng Länner betraff sinn, ass nach net gewosst. Ma och an Europa solle Plazen ewechfalen.
Amazon ass net déi eenzeg Firma, déi Entloossungen annoncéiert hat. D'Lëscht vun de Konzerner gëtt zanter Méint méi laang, zum Beispill beim Facebook- an Instragram-Mammekonzern Meta, wéi och beim Online-Netzwierk Twitter.