Wa schonn e räicht Land wéi Lëtzebuerg et net fäerdeg bréngt, aus de fossillen Energien erauszeklammen, kéint een dat net vun anere verlaangen.

Dat seet de Jorgen Randers, norwegesche Professer a Co-Auteur vu Publikatioune fir de Club of Rome.

Schonn 1972 huet de Club of Rome virun der Klimakris gewarnt. Hir éischt Publikatioun "Grenze vum Wuesstem" huet eng ganz Generatioun gepräägt. Dass et op enger klenger Äerd mat begrenzte Ressourcë keen onendleche Wuesstem ka ginn, war d'Kär-Thees vun de Wëssenschaftler, Industriellen a Politiker aus 53 Länner, déi sech de Club of Rome genannt hunn. An déi huet an iwwer 50 Joer och net geännert. Mat derbäi, vun Ufank u bis haut, ass de Jorgen Randers, den norwegesche Professer ass Co-Auteur vun de Publikatioune vum Club an en international gefroten Expert, hie warnt nach ëmmer ouni Illusiounen, mee mat Energie an Argumenter virun de Gefore vun ze héijem CO2-Ausstouss.

Wann deemools konsequent gehandelt gi wier, hätt ee sech villes erspuere kënnen, a leider wier et laang ze spéit fir de Klimawandel ze stoppen, just denken, dann ass et dach egal, wier grad esou e grousse Feeler: och wann et net méi gutt gëtt, kéint et nach vill méi schlecht goen, sou de Randers am RTL-Interview.

Hie war op Invitatioun vum Mouvement Ecologique fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg - deem Land, dat schonn de 14. Februar säin Overshootday hat. Den "Overshoot Day" ass deen Dag, wou d'Ressourcë fir dat ganzt Joer scho verbraucht sinn.

Wat misste mir da maachen? Kënne mir iwwerhaapt en Afloss hunn als esou e klengt Land? Net an absolutten Zuelen, mee - ganz wichteg - awer an enger Virbildfunktioun. Déi eenzeg Léisung ass allgemeng déi, aus de fossillen Energien erausklammen, a wa schonn e räicht Land wéi Lëtzebuerg dat net fäerdeg bréngt, wéi kéint een dat vun den anere verlaangen, sou de Randers.

Dës Transitioun géing Angscht maachen an och Geld kaschten. Suen, déi ee sollt iwwer de Wee vu méi héije Stéiere vun de wierklech Räiche siche goen. 90 Prozent vun der Populatioun wieren dovun net betraff.

De kompletten Interview mam Jorgen Randers
Wa schonn e räicht Land wéi Lëtzebuerg et net fäerdeg bréngt, aus de fossillen Energien erauszeklammen, kéint een dat net vun anere verlaangen.