No gutt 4 Méint Prisong ass déi fréier Vizepresident vum EU-Parlament fräikomm. Déi 44 Joer al Griichin a Sozialistin muss awer am Hausarrest bleiwen.

D'Eva Kailli ass d'Gesiicht vum Korruptiounsskandal "Katargate": Si soll Geld a Kaddoe vum Katar am Zesummenhang mat der Futtball-WM d'lescht Joer kritt hunn.

"Meng Duechter waart op mech, an ech sinn immens glécklech, datt ech hatt erëmgesi kann", sot d'Eva Kaili zu Journalisten, wéi si mat engem schwaarze Mercedes mat getéinte Scheiwe virun hirer Wunneng zu Bréissel virgefuer ass.