Am September ware jo an den zwou Nordstream-Gas-Pipelinë Fuitte festgestallt ginn.

Stieche russesch Schëffer hannert der Sabotage vun de Pipelinen an der Ostséi? Engem investigative Bericht no, un deem ënnert anerem en däneschen ëffentleche Sender DR bedeelegt war, ware russesch Schëffer net wäit vun de Sitten ewech, wou d'Explosioune waren, an zwar just puer Deeg virun den Explosiounen. Et géing sech ëm Schëffer handelen, déi och Operatiounen ënner Waasser kënnen duerchféieren. Hir Routë wiere laanscht Offshore-Wandparke gaangen, mee eenzel Schëffer wiere fir puer Stonnen an eent souguer e ganzen Dag net wäit vun do stationéiert bliwwen, wou eng vun den Explosioune war.

Ënnert de verdächtege russesche Schëffer wieren och Schëffer gewiescht, déi hir Transmetteuren ofgeschalt hätten. D'Beweegunge vun de Schëffer wiere vun engem pensionéierten Offizéier vun der brittescher Marinn opgezeechent ginn. Am Bericht heescht et, d'Beweegungen hätte kënnen duerch Satellittebiller confirméiert ginn. D'Journalisten hunn och e Video gedréint, wou se mat engem klenge Boot eent vun de russesche Schëffer approchéiert hunn an arméiert Männer u Bord gesinn hunn.

Am September ware jo an den zwou Nordstream-Gas-Pipelinë Fuitte festgestallt ginn. Zanterhier weise Moskau a Washington géigesäiteg mam Fanger openeen an dementéieren gläichzäiteg hannert der Dot ze sinn. E rezente Verdacht, datt e pro-ukrainesche Grupp fir d'Sabotage responsabel wier, gouf net confirméiert, och nodeems däitsch Enquêteuren am Januar e verdächtegt Schëff duerchsicht haten. An all de Länner ronderëm d'Ostséi lafen d'Enquêtë weider.

Zum Zäitpunkt vun den Explosioune ware béid Nordstream-Pipelinen ofgeschalt, mee et war Gas dran. D'USA hunn d'Pipelinen ëmmer kritiséiert, well Europa domadder géing riskéieren, eng Geisel vu Russland ze sinn. Just virun der russescher Invasioun vun der Ukrain hat den US-President Joe Biden gesot, d'USA géingen Nordstream op en Enn bréngen, falls Russland d'Ukrain ugräift.