Ukrain-Krich um Europadag nees den zentrale Sujet
Den 9. Mee zelebréiere mir den Europadag. Och a Russland ass Feierdag, do ass den Hannergrond awer ee ganz aneren. Een Dag voller Bedeitungen.
Fridden, Eenheet a Solidaritéit zielen op dësem Europadag, mam Hannergrond vum Ukrain-Krich, méi wéi jee.
Zanter 2019 ass den Europadag zu Lëtzebuerg, een offizielle Feierdag. Deen dëst Joer nawell reenereg verlaf ass, an awer ware ganz vill Leit op der Place de l'Europe um Kierchbierg, um Rendez-vous.
De Kannerchouer vun der Europaschoul hat Imagine vum John Lennon interpretéiert, e Lidd wat mat de Joren zur Friddenshymne gouf an dat haut méi wéi jee gepasst huet.
Feierlechkeete mam klore Rappell, datt d'krainescht Vollek sech 2.000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, zanter elo 14 Méint och dofir asetzt, fir eis Wäerter ze verdeedegen. Déi vun engem Europa, wat a Fridden a Wuelstand lieft. Sou wéi de Robert Schuman et schonn den 9. Mee 1950 a senger feierlecher Erklärung festgehalen hat.
Parallel zum Fest direkt nieft der Philharmonie, gouf och en neie Park am Europäesche Quartier ageweit. Do, wou emol d'Jean Monnet Gebai stoung, huet dee gutt een Hektar grousse "Jardin du Multilinguisme" seng Dieren opgemaach.
Den 9. Mee, e Joresdag
Den 9. Mee als Feierdag heiheem war Enn 2018 Sujet bei de Koalitiounsverhandlungen, d'selwecht wéi ee legale Congé, dee vu 26 amplaz 25 Deeg an d'Luucht soll goen. Offiziell gréng Luucht gouf et am Regierungsrot am Januar 2019. Den 9. Mee steet an der EU fir de Joresdag vum franséischen Ausseminister Robert Schuman senger historescher Ried: "L’Europe ne se fera pas d’un coup, ni dans une construction d’ensemble. Elle se fera par des réalisations concrètes, créant d’abord une solidarité de fait.”
Et war eng nei Form vu politescher Zesummenaarbecht, déi ee Krich tëscht europäeschen Natioune mat virop Däitschland a Frankräich soll onméiglech maachen. Aus där Iddi gouf d'CECA, d'europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol, an domadder d'Gebuertsstonn fir d'EU wéi mer se elo kennen. De Schuman war zu Lëtzebuerg, méi genee a Clausen, op d'Welt komm.
D'Ukrain dierft grad wéi virun engem Joer am Mëttelpunkt vu villen Interventioune stoen. D'lescht Joer war et de Fall an der Ried vum EU-Kommissär Nicolas Schmit:“Mir kënnen d’Ukrainer net eleng géint den Aggresseur loossen, géint deen, deen dat Land a Fro stellt, zerstéiere wëll an d’Mënschen ëmbrénge wëll."
Den Europadag steet fir Eenheet a Fridden an Europa. Dowéinst ass d'EU-Kommissiounspresidentin e Méindeg 8. Mee och an der Ukrain, als Zeechen vun der Ënnerstëtzung beim Land senger Verdeedegung géint déi russesch Aggressioun, déi zënter iwwert engem Joer amgaangen ass.
D'Ursula von der Leyen sot virun engem Joer: "Europa steht fest an der Seite der Ukrain. Und gleichzeitig erinnert uns der Überfall des Kreml auf ein Nachbarland, warum wir den Europatag feiern.”
En Dënschdeg 9. Mee feiert de russesche President Putin mat enger grousser Militärparad de Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich an d'Victoire iwwer Nazi-Däitschland.
Den 9. Mee ass deemno de wichtegsten Dag am russesche Kalenner a fir de Wladimir Putin de wichtegsten Event dëst Joer. Hie weist mat der Militärparad säin Usproch op d'Muecht zu Moskau. Hie gesäit sech an direkter Linn vun der Rouder Arméi, déi géint Nazi-Däitschland gewonnen huet. De Putin wëll senger Natioun weisen, dass hie staark ass an alles ënner Kontroll huet, mat als Parallel zum Zweete Weltkrich der Behaaptung, et géif och an der Ukrain ëm eng Offensiv géint een Nazi-Regime goen.
A senger Ried am Kader vum Europadag virum Europaparlament zu Stroossbuerg huet den däitsche Kanzler Olaf Scholz d'EU dozou opgeruff, zesummen ze stoen a weltoppen ze sinn. An dësen Zäite bräichte mir méi Oppenheet a Kooperatioun an net manner.
Gläichzäiteg bräicht d'Europäesch Unioun eng Rei Reformen. Zum Beispill wier et néideg eng gemeinsam Asyl- a Verdeedegungspolitik ze hunn. Am EU-Conseil sollten, a sengen Aen, Decisiounen iwwer Aussepolitik oder Steieren net méi mussen eestëmmeg geholl ginn. Eng qualifizéiert Majoritéit misst hei duergoen, esou den däitsche Regierungschef.