Wéi eng Roll spillen d'Söldner vu Wagner an Afrika?

© AFP PHOTO / TELEGRAM CHANNEL OF CONCORD GROUP
De meeschte Leit ass d'Wagner-Grupp e Begrëff wéinst dem Asaz an der ukrainescher Stad Bachmut. Ma op ville Plazen uechtert d'Welt ginn d'Söldner agesat.
Offiziell ass Wagner eng privat Militärentreprise, gëtt awer vu villen och als de verlängerten Aarm vu Russland gesinn. D'Operatiounen a Missiounen, déi si duerchféieren, sinn dacks am Aklang mam Interessi vum Kreml. An och wa Wagner eegen ënner anerem ekonomesch Ziler verfollegt, verstoussen och déi net géint dat, wat d'Mammeland virhuet. E grousst Asazgebitt, wou een eegen an och russesch Ziler verfollegt, ass Afrika.
Grad an Afrika: Geziilt Desinformatiounscampagne a Militäroperatioune vu Wagner
De Jewgeni Prigoschin, Chef vun der Wagner-Grupp, ass op militäresch a politeschem Plang net just mat Wagner um Terrain am Asaz, mä duerch zwou weider Firmen, d'Internet Research Agency an d'Research and International Cooperation Association, mëscht hie sech och mat geziilten Trollaktiounen a Walen an a Walcampagne ausserhalb vu Russland an. Mat villen Desinformatiounscampagnen, grad online, probéiert Wagner, en Afloss, deen dem Mammeland an d'Kaarte spillt, op den Ausgang vun de Walen ze huelen.
Dat huet een déi lescht Jore verstäerkt festgestallt an et wäert een et déi nächst 16 Méint och méi mierken, wann a ville Länner, grad an Afrika, gewielt gëtt. Interessant fir Wagner sinn ënner anerem d'Walen am Simbabwe an a Südafrika, seet eisen Expert Malte Riemann.
Wagner huet e breede Spektrum, wat si an Afrika ofdecken: Dat geet vu Militäroperatioune mat Regierungstruppe bis hin zu Putschversich mat Rebellen. Ee ganz wichtege Beräich ass awer d'Formatioun vun Truppen, well ee sech esou Afloss an deem Beräich probéiert ze sécheren. En Afloss am Militärberäich an Afrika ze hunn, ass fir Russland vu groussem Interessi, änlech wéi och fir déi westlech Staaten, déi am Forméiere vun Zaldoten aktiv sinn.
Aktuell ass Wagner bei aktive Militäroperatiounen awer wuel just am Sudan, Libyen an der Zentralafrikanescher Republik am Asaz. Spekuléiert gëtt iwwer Presenzen um Terrain am Burkina Faso oder Syrien. Formatioun vun Truppen iwwerhuelen d'Söldner virun allem an der zentralafrikanescher Republik, am Mali oder op Madagaskar.
Den Avantage fir Russland, fir d'Söldner vu Wagner d'Formatioune vun Truppen an anere Länner maachen ze loossen, ass, datt dësen Asaz fir d'Land méi bëlleg gëtt an datt een zu all Ament ka soen, datt een "offiziell näischt domadder ze dinn huet", mä eng privat Firma do am Asaz ass.
Wou Wagner aktiv ass, ginn et Verletzunge vu Mënscherechter

Den USA no verschäerft d'Wagner-Grupp de Konflikt am Sudan, wat och den Expert vun der Uni Glasgow esou gesäit, grad, wat Krichsverbrieche betrëfft. Et gesäit een nämlech ëmmer nees, datt an deene Konflikter, wou Wagner aktiv ass, et zu Krichsverbriechen a Mënscherechtsverletzunge kënnt. Dëst ass e Punkt, deen d'Vereenten Natioune musse ganz eescht huelen.
Esou Mënscherechtsverletzunge loosse Konflikter uschwëllen, well si Zivilisten, déi gefoltert goufen oder vun deene Bekannter ëmbruecht goufen, dozou bréngen, fir selwer zu der Waff ze gräifen, fir sech géint d'Grupp Wagner ze wieren. Esou gëtt de Konflikt da verschäerft an esouguer nach vergréissert.
Illegal Geschäfter: Wagner schmuggelt Waffen, Gold an Diamanten aus Afrika eraus

© AFP
D'Wagner-Grupp steet zanter Ufank 2023 an den USA op der Lëscht vun der organiséierter Kriminalitéit. Dëst war e wichtege Schrëtt, fir der Grupp d'Loft ze huelen an deene Beräicher, wou si Geschäfter am kriminelle Milieu maachen. An Afrika kritt d'Grupp vum Prigoschin ganz dacks als Austausch fir hir Déngschter Zougrëff op Matières premières, wéi Diamanten oder Gold. Dës ginn dann am grousse Stil aus de Länner geschmuggelt.
Wichteg wier et, fir de Söldner hei Afloss ze huelen, andeem aner Länner änlech Schrëtt maache wéi d'USA, respektiv d'Wagner-Grupp esouguer als "terroristesch Organisatioun" aklasséieren.
Nieft Diamanten, Gold an zum Deel och Pëtrol kritt oder keeft Wagner vun den afrikanesche Länner och Waffen. Enn Mee hunn d'USA dowéinst Sanktiounen decidéiert, well d'Söldner Waffen aus dem Mali erausgeschmuggelt sollen hunn. E weidere Waffeliwwerant soll dann och Nordkorea sinn, dat esou déi international Sanktiounen ëmgoe kann, esou de Malte Riemann.
Wien ass den Dr. Malte Riemann
De Malte Riemann huet dräi Fuerschungsschwéierpunkten op der Universitéit vu Glasgow: Strategiefuerschung, d'Transformatioun vun der Krichsféierung an d'Roll vu net-staatlechen Acteuren a Kricher.