Den Damp vun de kanadesche Bëschbränn suergt fir massiv Loftverschmotzung un der US-Ostküst. D'Autoritéiten hunn a verschidde Regioune Warnunge rausginn.

Nach ëmmer si vill Deeler vum amerikaneschen Nordoste wéi New York, Washington a Philadelphia vu gielzeg-groem Damp vun de Bëschbränn a Kanada bedeckt. Zu New York gouf et deem Website IOAir no souguer déi schlechtst Loftwäerter weltwäit. D'Autoritéiten hu wéinst dem Smog erhéicht Gesondheetswarnstufen a villen Deeler ausgeruff, zu New York sollten d'Awunner vun der Metropol souguer ganz doheem bleiwen. Wéi d'US-Ëmweltautoritéit EPA matdeelt, war d'Loftqualitéit op ville Plazen "ongesond" oder souguer "immens ongesond".

"Et ass wichteg, datt d'Amerikaner, déi geféierlecher Loftverschmotzung ausgesat ginn, virun allem déi mat gesondheetleche Problemer, op déi lokal Autoritéite lauschteren, fir sech an hir Familljen ze schützen", schreift de President Joe Biden op Twitter.