Den Ausseminister Jean Asselborn war e Samschdeg Invité am RTL-Journal an huet déi aktuell Entwécklungen a Russland kommentéiert.

"Et ass eng Humiliatioun fir de Putin", esou de Lëtzebuerger Ausseminister. Ma de Wladimir Putin hätt sech dat selwer zouzeschreiwen, esou de Jean Asselborn. "Mir sinn an enger Situatioun, wou een natierlech muss fäerten an den nächste Stonnen, dass et kéint zu engem richtege Biergerkrich a Russland kommen. Dat ass d’Angscht, déi besteet."

De Gewalt-Monopol wier a Russland net méi an der Hand vum Staat an et dierft een net vergiessen, dass Russland eng 6.000 Atom-Sprengkierper hätt, dat wier déi gréisste Gefor fir d’Welt, wa Russland komplett géif destabiliséiert ginn, esou de Jean Asselborn.

"Putin ass destabiliséiert"

D’Europäesch Unioun gesäit dat, wou grad geschitt, als eng reng innepolitesch Evolutioun. Dofir misst Russland och déi westlech Länner net warnen, sech net anzemëschen. D’EU-Ausseministere kommen e Méindeg zesummen.

"D'Situatioun ass eescht. De brittesche Geheimdéngscht ass deen, deen eis am beschten informéiert hat, och virum 24. Februar 2022. An dee seet, dass déi nächst Stonnen entscheedend wieren."

Et géif elo dovunner ofhänke wéi och innepolitesch d'Leit zum Putin géife stoen. An da misst een och kucke wat geschitt, wann d’Wagner-Grupp och effektiv viru Moskau géife stoen.

*Den Interview gouf mam Kenntnisstand vun 19.30 Auer gefouert. Kuerz drop koum d’Nouvelle, dass de Prigoschin de Virmarsch op Moskau bis op Weideres gestoppt hätt. Liest d'Entwécklungen an eisem Liveticker.