Viru knapps 3 Joer gouf de franséische Geschichts- a Geographiesproff Samuel Paty am Paräisser Viruert Conflans-Sainte-Honorine ëmbruecht.

Dat nodeems hien am Kader vun engem Cours Karikature vum islamesche Prophet Mohammed gewisen hat, fir mat senge Schüler iwwer dës ze diskutéieren. Den Täter, en 18 Joer alen Islamist, hat him am Oktober 2020 de Kapp erofgeschnidden. Hie gouf beim Policeasaz erschoss.

De franséischen Anti-Terror-Parquet hat allerdéngs 14 Persounen am Zesummenhang mat der Dot ugeklot. Nodeems eng Partie vun hinnen allerdéngs géint hir Uklo a Revisioun gaange waren, huet dat zoustännegt Revisiounsgeriicht d'Ukloen e Mëttwoch fir recevabel erkläert.

2 Kolleege vum Haapttäter gi verdächtegt, dësem beim Kaf vu senger Waff an um Wee bei d'Plaz, op där et zur Dot koum, begleet ze hunn. Si solle wéinst Bäihëllef zum terroristesche Mord ugeklot ginn a riskéiere liewenslänglech an de Prisong ze kommen.

Zwee aner Männer, déi d'Polemik géint de Paty mat Videoen an Online-Netzwierker ugedriwwen hunn, solle sech wéinst der Grënnung vun enger terroristescher Vereenegung veräntwerte mussen. Och eng erwuesse Fra, déi zum Islam konvertéiert ass an iwwer Twitter (antëscht "X") Kontakt mam Täter hat muss sech veräntwerten.

5 Schüler vun der Schoul op där de Paty enseignéiert huet, solle virun engem Jugendgeriicht de Prozess gemaach kréien, well si dem Täter gewisen haten, wien de Paty wier.

Eng aner Schülerin muss sech da wéinst der Verbreedung vu falschen Tatsaache veräntwerten. Si hat behaapt, de Paty hätt déi muslimesch Schüler opgefuerdert de Klassesall ze verloossen, nodeems hien d'Karikature gewisen hat, Dat obwuel si deemols net am Cours war.