No Messerattack a Schoul gëllt elo déi héchsten Terroralerte

© AFP
Den Inneminister Gérard Darmanin huet vun engem Lien tëschent den Evenementer am Noen Osten an der Dot geschwat.
A Frankräich gouf no der déidlecher Messerattack an enger Schoul am Norde vum Land elo déi héchsten Terroralerte ausgeléist, dat huet d'Regierung e Freideg den Owend annoncéiert. Domat ginn exzeptionell Mesurë méiglech.
E Samschdeg de Moie war et d'Annonce aus dem Elysée, datt 7.000 Zaldoten an Alarmbereetschaft versat gi sinn. De President Emmanuel Macron hat dat bei enger Sécherheetsreunioun e Freideg den Owend decidéiert.
10 Persoune sollen iwwerdeems am garde à vue sinn, dat mellt déi franséisch Presseagence AFP a berifft sech op eng Source aus Policekreesser.
Ënnert dëse Persoune wären e puer Familljemembere vum presuméierte Mäerder: seng Schwëster, seng Mamm, säi Monni an zwee vun deem senge Bridder. Een dovu wär aus dem Prisong, wou e wéinst Verbindung zu Terroriste sëtzt, an de garde à vue komm. Donieft nach zwee Belarussen, mat deenen de presuméierte Mäerder Kontakt hat.
Ee Proff war bei der Messerattack e Freideg ëm d'Liewe komm, 3 weider Persoune ware blesséiert ginn. Beim Verdächtege soll et sech ëm en islamistesch radikaliséierte jonke Mann handelen, deen d'Autoritéite scho méi laang um Radar haten.