Iwwer 5 Deeg goufen am Ganze 85 Wunnengen zu Hessen am Kader vun Enquêtë wéinst sexuellem Kannermëssbrauch an dem Besëtz vu Kannerpornografie duerchsicht.

Wéi dat hessescht Landeskriminalamt (LKA) vu Wiesbaden matdeelt, wier an deem Kontext och e Mandat d'arrêt vollstreckt ginn.

D'Perquisitiounen hu sech géint am Ganze 87 Beschëllegter - dorënner 75 Männer an 12 Fraen - geriicht. 8 vun hinne gëtt sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendleche reprochéiert. Déi aner 79 gi wéinst dem Kaf oder dem Verbreede vu Kanner- a Jugendpornoe verdächtegt.

Am Ganze goufe 749 Datespäicher, dorënner 161 Smartphonen, 74 Computer a Laptoppen a 97 USB-Sticke saiséiert. Dës ginn elo ausgewäert.