Mat der Lëtzebuerger Politikwëssenschaftlerin hu mer iwwert d’Walen an Holland, en Interview-Marathon an d’Europawalen am Mee geschwat.

Vu New York Times bis pakistanesch Dageszeitungen

D’Léonie de Jonge war als Expertin op der ëffentlech-rechtlecher Tëlee an Holland fir déi éischt Sondagë vun de Walen ze kommentéieren. Déi Deeg duerno ass en Interview-Marathon lass gaangen. D’Lëtzebuergerin, déi hollännesch Elteren huet, schwätzt d’Sprooch fléissend a kann och Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Als Politikwëssenschaftlerin ass Sie spezialiséiert an der Parteiefuerschung.

"Dat hu mer esou nach ni matgemaach op der Uni. Et huet awer gewisen, dass et eng immens grouss Nofro gouf an eng Onsécherheet duerch déi ganz Welt, mat der Fro: Wat leeft do an Holland?"

Holland hätt dacks no baussen nach dat Bild als Bastioun vun der Toleranz, dass elo bal ee Véierel vun de Wieler rietspopulistesch gewielt huet, géif do net ganz erapassen.

RTL

© Privat

Wéi léisst sech den Ausgang vun de Walen an Holland erklären?

Wisou de Geert Wilders a seng Partei esou gutt ofgeschnidden hu bei de Wale wier multi-faktoriell, esou d’Léonie de Jonge. An de leschte Joren hätt et vill politesch Skandaler an Holland ginn, bei ville Leit hätt sech eng Politikverdrossenheet agestallt.

"Et gëtt e Manktem u Vertrauen an d’Politik. An eng gewësse Frustratioun. E groussen Deel vun den hollännesche Wieler mécht sech och Suergen ëm d’Migratioun a gläichzäiteg d’Leit ekonomesch e bësse méi no lenks geréckelt sinn. Genee dat Thema op deem sech de Wilders positionéiert huet: Migratioun koppelen u sou Saache wéi Wunnengsnout."

Als drëtt kéint een och nach soen, dass riets a populistesch Positiounen déi lescht Joren an Holland ëmmer méi normal gi wieren, esou d’Politologin. Och an der Walcampagne hätt zum Beispill déi liberal-konservativ Partei méi riets Positiounen ageholl. Hei hätten sech vill Wieler gesot, da léiwer d’Original. D’Koalitiounsverhandlungen dierften, wéi dat historesch schonn ëmmer de Fall war, méi laang daueren. Eng 3er-Koalitioun ënnert dem Premier Geert Wilders ass déi warscheinlechst Konstellatioun, esou d’Léonie de Jonge, och wann et keng einfach gëtt.

Migratiounspolitik als een zentraalt Thema bei den Europawalen

A ville Länner ass d’Migratiounspolitik an de leschte Méint ëmmer méi en Thema ginn. Dat och zu Lëtzebuerg. Et kéint ee schonn erwaarden, dass d’Migratioun och en Vue vun den Europawale wäert eng Roll spillen.

"Mir wëssen, dass dat de rietse Parteien an d’Kaarte spillt. Wann Theme wéi Migratioun vill an de Medie sinn, wann Theme wéi Migratioun an der Campagne politiséiert ginn als kulturellt Thema, kulturelle Problem, da wësse mer, dass dat direkt an d’Kaarte spillt vun de radikale Rietsparteien."

Et wieren awer nach e puer Méint bis d’Europawalen, wou nach emol aner Themen u Wichtegkeet kéinte kréien. Et géing u sech net an der DNA vu Politologe leien, wéit an d’Zukunft ze kucken. Dat Wuert Rietsruck huet d’Wëssenschaftlerin net gär:

"Dat géif implizéieren, dass dat op eemol aus dem Näischt kënnt an da no riets ofschwäift. Et ass éischter esou, dass sech dat iwwert Jore gewuess ass an dat net méi sou einfach fortgeet."

RTL

© Privat

"Et wëll een net Deel vun enger politescher Debatt ginn"

D’ Roll vun der Wëssenschaft wier et ze analyséieren an net op eemol Deel vun der Debatt ze ginn. "Et wëll een net Deel vun enger politescher Debatt ginn", esou d’Lëtzebuergerin. Wat awer de Fall wier wat ee méi Interviewe gëtt. Déi vill Interviewufroen hätten och e bëssen hir Spueren hannerlooss. Nieft der Middegkeet, ass der sympathescher Lëtzebuerger-Hollännerin, eppes geschitt, wat scho bal Jidderengem emol virkomm ass. Den hollännesche mam Lëtzebuerger Fändel verwiesselt.

"Ech hat op Twitter ee Post gemaach, wou ech aus Versehen de Lëtzebuerger Fändel gemaach hat, bei déi hollännesch Walen. Do gouf ech och drop ugeschwat, dat ass da wëll awer mäin Häerz nach e bëssen zu Lëtzebuerg leit."