Den Oppositiounsleader Alexej Nawalny ass am Prisong gestuerwen
De 47 Joer ale Kreml-Kritiker ass e Freideg an der sougenannter "Polar Wolf"-Kolonie gestuerwen, wou hien eng 19 Joer laang Strof ofsouz.
Dat mellen déi russesch Autoritéiten e Freideg de Mëtteg an engem Statement. Wéi et hei heescht, huet den Nawalny sech nom Spadséieregoe schlecht gespuert an ass kuerz drop schwaach gefall. Dat medezinescht Personal wier direkt sur place gewiescht, et hätt een och eng Ambulanz geruff.
Et gouf versicht, hien ze reaniméieren, dat awer ouni Erfolleg. Kuerz drop gouf säin Doud festgestallt. Et géif elo ermëttelt ginn, wéi et zum Doud vum Nawalny komm ass.
Hei den Original-Statement: "Navalny felt bad after a walk, almost immediately losing consciousness. Medical staff arrived immediately and an ambulance team was called. Resuscitation measures were carried out which did not yield positive results. Paramedics confirmed the death of the convict. The causes of death are being established."

© RTL
Wéi de Kreml-Spriecher Dmitri Peskov e Freideg och matdeelt, gouf de russesche President kuerz drop iwwert den Doud vun engem vu sengen Haaptgéigner gebrieft. Weider betount hien, dass et elo um Gesondheetspersonal wier, d'Doudesursaach erauszefannen.
Dem Nawalny seng Press-Sekretärin Kira Yarmysh huet ënnerstrach, dass hir Ekipp net vu sengem Ofliewen informéiert gouf an dëst dohier och net confirméiere kéint. Den Affekot vum Nawalny wier elo ënnerwee op Kharp.
International an national Reaktiounen zum Nawalny sengem Doud fannt Dir hei.
Wie war den Alexej Nawalny?
Den Alexej Nawalny war e russesche Politiker, Affekot an Aktivist. Hie war weltbekannt als de gréisste Kritiker vum Wladimir Putin an dem aktuelle politesche System zu Moskau. Hie gouf am Joer 1976 an der Géigend vu Moskau gebuer, säi Papp war gebiertegen Ukrainer.
Den Alexej Nawalny war Chef vun der Partei "Russia of the Future". Seng Anti-Korruptiounsbeweegung huet Millioune vu Follower an de soziale Medien. Hei gi reegelméisseg Recherchë publizéiert iwwer Korruptioun a Russland an d'Machenschafte vun hirem President Wladimir Putin.
Den Dissident an Oppositiounspolitiker ass zanter 3 Joer am Prisong. Och aus dem Prisong eraus huet hie versicht, Reformprozesser unzestoussen.
2018 hat den Nawalny bei de russesche Presidentiellë kandidéiert, hie gouf awer vun deene Walen ausgeschloss. 2020 ass mat enger Gëftattack probéiert ginn, den Nawalny wärend engem Inlandsvol mam Nervegëft Nowitschok ëmzebréngen. Spéider gouf hien an Däitschland an der Charité behandelt, fir nees gesond ze ginn. De 17. Januar 2021 ass hie selwer nees zréck a Russland geflunn, an dunn um Flughafe zu Moskau verhaft gouft.
2021 krut den Oppositionellen de renomméierte Sacharow-Präis, deen all Joer un eng Persoun geet, déi sech fir d'Fräiheet vun aneren agesat huet.