Viru 6 Deeg ass de bekannte russeschen Oppositiounspolitiker Alexei Nawalny ënner mysteriéisen Ëmstänn an engem russesche Gefaangenelager ëm d'Liewe komm.

Hie soll no engem Tuer iwwert den Haff vum Prisong op eemol zesummegaange sinn a wier net méi ze reaniméiere gewiescht. Zanterhier gëtt de Westen dem Putin d'Schold, fir den Doud vum Kritiker responsabel ze sinn.

Doud vum Alexei Nawalny (Deel 1)/Reportage Anne Wolff

Wat ass bis elo gewosst?

An de russesche Staatsmedie gouf d'Nouvelle als Brève matgeholl, et goung rieds vun engem spontanen "Doudessyndrom", respektiv vun engem Aneurysma als Doudesursaach. D'Famill vum Nawalny, grad wéi seng Supporter, ginn allerdéngs dovunner aus, dass de Kreml-Kritiker op net-natierlech Aart a Weis ëm d'Liewe koum. D'Theorie steet am Raum, dass de 47 Joer ale Mann vergëft gouf. Hie war an der Vergaangenheet schonn eng Kéier mat dem Nervegëft Nowitschok vergëft ginn a war dunn eng Zäit an Däitschland, fir sech vun där Attack ze erhuelen.

Ausserdeem sinn eng Rei Froe ronderëm den Doud vum Nawalny ongekläert. Kreml-kritesch Medien zweiwelen un der offizieller Versioun: Esou gëtt behaapt, schonn zwee Deeg virum Doud vum Kritiker wiere Membere vum russesche Geheimdéngscht am Lager gewiescht an hätten do ënnert anerem Kameraen ofmontéiert. Ausserdeem gëtt et Zweiwel par Rapport zu der offizieller Doudeszäit ëm 14.17 Auer. Grad emol zwou Minutten drop wier de Pressecommuniqué iwwert den Nawalny erausgaangen an ëm 14.30 Auer wier d'Nouvelle scho vum Kreml kommentéiert ginn.

Och wieren d'Zellen am sibiresche Prisong scho moies duerchsicht ginn an et wieren Handye confisquéiert ginn. Et bestéing de Verdacht, dass esou evitéiert gouf, dass no bausse kommunizéiert gëtt.

RTL

© AFP

Moskau dementéiert déi Accusatiounen.  De russesche President Putin huet perséinlech nach näischt zum Doud vum Nawalny gesot.

Déi russesch Autoritéiten hunn d'Läich vum Nawalny fir 14 Deeg confisquéiert, fir se chemesch ze ënnersichen. Wou de Kierper am Moment ass, ass net kloer. Dem Nawalny seng Mamm hat probéiert, bei hire Bouf ze kommen, krut dat awer net erlaabt. Dem Nawalny seng Famill a seng Affekotin ginn dervun aus, dass d'Läich op d'mannst nach bis no de Presidentiellë Mëtt Mäerz zeréckgehale gëtt. Si reprochéieren de russeschen Autoritéiten, Spueren ze verwëschen.  D'Mamm Ljudmila Nawalnaya huet iwwerdeems Plainte beim Geriicht gemaach, fir dass d'Autoritéiten d'Läich fräiginn. D'Sëtzung ass fir de 4. Mäerz ugesat.

D'Julia Nawalnaya hat e Méindeg d'EU opgefuerdert, d'Walen a Russland net unzëerkennen. Well et keng seriö Konkurrenz gëtt, gëllt et als relativ sécher, dass de Putin President bleiwe wäert.

Doud vum Alexei Nawalny (Deel 2)/Reportage Anne Wolff

Wéi huet de Westen op d'Nouvelle reagéiert ?

D'USA an d'EU ginn dem Putin d'Schold fir den Doud vum Kreml-Kritiker a fuerderen eng onofhängeg Enquête. Esou eng Demande huet de Spriecher vum Kreml Dmitri Peskow allerdéngs zeréckgewisen.

D'Directrice vun Amnesty Lëtzebuerg, d'Fernanda Pérez Solla, erkläert, et hätt een d'Nouvelle vum Doud vum Kritiker leider erwaart, trotzdeem hätt dat fir Trauer am Büro gesuergt. An engem gewësse Sënn kéint ee scho vun enger Eskalatioun schwätzen. Si kritiséiert och schaarf, dass Demonstranten, déi Opklärung fuerderen, respektiv un den Nawalny denke wëllen, a Russland verhaft a maltraitéiert géifen.

D'USA annoncéiere fir e Freideg weider Sanktiounen, d'EU huet e Mëttwoch den 13. Sanktiounspak géint Russland decidéiert, dat allerdéngs och am Kader vum zweete Joresdag vum Krich an der Ukrain de 24. Februar. Am Virfeld vum EU-Conseil zu Bréissel e Méindeg hat de Lëtzebuerger Ausseminister sech nach méi zeréckhalend gewisen. Hien huet der Wittfra säi Bäileed ausgeschwat, mee betount, et sollt ee keng Spekulatioune maachen. Schliisslech wier keen dobäi gewiescht.

Groussbritannien huet als éischt Land e Mëttwoch Sanktioune géint sechs Membere vun der Direktioun vum sibiresche Lager "Polarwollef" decidéiert.