D'Sich nom 6 Joer alen Arian geet weider, och d'Arméi bedeelegt sech

Schonn zanter 5 Deeg ass de Bouf verschwonnen. An der Nuecht op e Sonndeg gouf op en Neits a klenge Gruppen zu Fouss gesicht, heescht et vun der Police.
Um Sonndeg solle ronn 800 Leit vun der Arméi an de Pompjeeën, Hëllefsorganisatiounen an dem Techneschen Hëllefswierk d'Gebitt nach eng Kéier am Fong duerchsichen.
Den Arian ass e Méindeg den Owend eleng aus dem Haus vu sengen Eltere verschwonnen. De Jong ass Autist a soll sech dowéinst net gutt ausdrécke kënnen an net reagéieren, wann een hien uschwätzt.
Et gouf scho mat Séissegkeeten a Loftballone probéiert, de Bouf aus méigleche Stoppen erauszelackelen. An der Nuecht op e Freideg si mat staarke Luuchten Punkten an den Himmel projezéiert ginn an et goufe Kannerlidder gespillt.