Eng Woch laang war mam bis ewell gréissten Dispositif nom autistesche Bouf vu 6 Joer gesicht ginn.

All Dag wieren iwwer 800 Leit am Asaz gewiescht. D'Police wëll weider enquêtéieren, wat mam Bouf geschitt ass. Indicen op e Verbrieche géif et keng ginn.

D'Kand war d'lescht Woch méindes owes verschwonnen. Hien hat d'Elterenhaus ouni Schong an ouni Jackett verlooss.